arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erausfuerderunge vun engem Fouer-Forain: "Deen éischten Dag war chaotesch"

Reportage

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Erausfuerderunge vun engem Fouer-Forain: "Deen éischten Dag war chaotesch"

Dëst Joer si méi wéi 70 Forainen op der Schueberfouer present, an een dovun ass zënter Joren net méi ewechzedenken: Dat Gréngt Spill. De Raphael Betti a säi Kolleeg, de Kartik Sati, hunn de Stand dëst Joer iwwerholl a wëllen doraus hire Liewensprojet maachen.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Nom éischte Fouerweekend waren dem Betti, wéi de Raphael vu senge Kolleege genannt gëtt, an dem Kartik seng Stëmmen e bëssen ugeschloen. Et mierkt een den zwee jonke Männer un, datt si Spaass un hirem Projet hunn, obschonn déi éischt Deeg ustrengend waren, erzielt de Betti.

"Den éischten Dag war extreem chaotesch vun eiser Schaffsäit aus. Um 11:00 Auer stoungen déi éischte Clienten hei a mir ware ready. Mee an den éischten Dag war wierklech chaotesch, awer do hu mir ëmmer méi erafonnt. D’Ekipp war ëmmer méi agespillt an ab dem zweeten Dag fannen ech war schonn e risegen Ënnerscheed."

Béier zapen oder Cocktails mixen

Fir de Betti ass dat Gréngt Spill déi éischt Erfarung als Forain. De Kartik huet dogéint schonn e Karussell an eng Cocktailbar, mat där hien zënter e puer Joer op der Schueberfouer ass. Vill hëllefe wäert dat hinne mat Bléck op dat Gréngt Spill awer net, mengt hien.

"Nee, also all Bud ass esou verschidden. Gedrénksbude kann s de net vergläichen. Also ech mengen, meng Cocktailbar oder d’Gréngt Spill hei, dat sinn och nach eng Kéier zwou aner Welten. Deen een huet esou vill geshaked Cocktails. Du hues e ganz anere Staff. Du hues e ganz aneren Teambuilding am Fong geholl, wéi hei."

Well si sech nach un den Alldag op der Fouer musse gewinnen, wier dëst Joer souwisou eent, wou si an éischter Linn wéilten Erfarung sammelen, erkläert de Betti. Mee wat huet déi zwee Entrepreneuren iwwerhaapt dozou gedriwwen, e Stand op der Schueberfouer ze iwwerhuelen?

"Ech géif soen de Lifestyle. Also mir hate scho méi laang déi Iddi, eng Kéier eppes zesummen ze starten, a mir hu geduecht, d'Fouer an eeben och d'Gréngt Spill ass eppes, wou mir eis zwou Stäerken zesummeféieren. Soe mir mol de Kartik, dee sech méi mat allem, wat d'Fouer an de groussen Eventer ass, auskennt, an ech, dee sech e bësse méi mat Gedrénks an am Service auskennt."

Eréischt no 10 Joer profitabel

Fir dat Gréngt Spill hunn déi zwee jonk Entrepreneuren iwwer 100.000 Euro missten investéieren. Et wier awer schwéier, dee Montant genee ze chiffréieren, erkläert de Raphael Betti.

"Nee, dat kann ech och net esou an enger Zuel einfach nennen, well do komme jo nach lauter Käschten och bäi fir den Ëmbau. Dat sinn alles Saachen, déi muss ee mat aberechnen."

De Betti an de Kartik betounen, datt si dat Gréngt Spill dann net iwwerholl hu fir a kuerzer Zäit vill Suen ze maachen, mee well dat fir si e Liewensprojet ass.

"Nee, mir wäerten a 5 Joer nach ëmmer mussen ofbezuelen eise Prêt, zemools och den Ëmbau, dee bäikënnt, dofir wäert et nach méi laang daueren. Mee dat hei ass eppes, wou mir 30 Joer laang denken, a mir hoffen, datt et vläicht no 10 Joer ufänkt, Geld ze verdéngen. Hoffentlech e bëssen éischter."

E Gedrénksstand wier awer an hiren Aen net de rentabelste Stand op der Fouer. Bei engem Iessstand hätt een do zum Beispill eng méi grouss Marge, mengt de Kartik.

"Mir sinn eis natierlech och bewosst, datt Iesse mat vill méi Aarbecht verbonnen ass, wéi elo nëmmen e Béier ze zapen, ne? Do muss een eng ganz Kichen hunn."

Sech de Leit upassen

Fir datt hire Gedrénksstand awer méiglechst profitabel ass, wëlle si sech de Gewunnechte vun de Leit upassen an d'Offer vum Grénge Spill komplettéieren, erkläert de Betti.

"D'Leit hu Loscht op nei Saachen. Dat muss emol net onbedéngt sinn, datt si elo léiwer e Cocktail wëlle wéi e Béier, mee si wëllen einfach Loscht op eppes Neies. A mir wäerten och mat deene Cocktails, déi mir dann hei wäerte maachen, och eng Schinn fueren, wou mir Neiegkeete bréngen, wou mir net elo einfach de Mojito maachen a Sex on the Beach."

Natierlech bleift de Béier awer och weiderhin eng vun den Haaptattraktioune vum Grénge Spill, esou de Betti an de Kartik. Vun nächstem Joer u wëlle si d'Leit da mat engem neie Konzept begeeschteren.

play_arrow Lauschteren