arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schueberfouer 2025: 213 Forainen an 11 nei Spiller

Stad Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Schueberfouer 2025: 213 Forainen an 11 nei Spiller

213 Forainen si bei der Editioun 2025 vun der Schueberfouer dobäi, déi vum 22. August bis den 10. September um Glacis an der Stad ass. Et sinn dëst Joer och 11 nei Spiller a Buden dobäi, a 7 Spiller hunn no enger méi laanger Paus erëm de Wee op d’Fouer fonnt.

headphones

1 min

Schueberfouer | © Flickr
Schueberfouer (Foto: Flickr)

De Familljendag ass op de 27. August an den 3. September opgedeelt: Een Dag fir d’Spiller, een anere fir d’Gastronomie.

Bis zu 2 Millioune Visiteuren

D’Stad Lëtzebuerg appelléiert d’Visiteure fir de Besuch op d'Fouer op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen, esou den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt.

"Mir hunn déi bäibehalend Navette 37, déi vum Parking Bouillon op d'Schueberfouer fiert, aller-retour, an déi fiert all Dag scho vun 11:30 un an nach bis no der Fermeture. An d'Fouer, déi ass all Dag vun 12 Auer bis 1 Auer. Et gëtt keng fräi Nuecht. An d'Restauranten, déi hunn awer d'Erlabnis, fir scho moies um 11 Auer unzefänken."

play_arrow De Patrick Goldschmidt

Geschat kommen all Joer tëschent 1,5 an 2 Millioune Visiteuren op de Glacis.