Hautdesdaags ass d'Marie-Astrid e staarkt Symbol fir déi europäesch Zesummenaarbecht a fir déi gemeinsam Geschicht.
D'Visitt stoung am Zeeche vun engem neien Impuls fir de Museltourismus mat Projeten, déi Wäikultur, lokal Traditiounen an Nohaltegkeet solle verbannen. Zil wier et, Lëtzebuerg als attraktiv an authentesch Reesdestinatioun weider ze stäerken, fir Visiteuren, mee och fir d’Awunner:innen selwer, esou de Lex Delles.
"Schengen, wou mir ganz kloer an der Konstruktioun vun Europa am Gedenktourismus sinn, de Musée ass ofgeschloss, d'Schëff ass do, de Ponton bal fäerdeg, soudass mir also do déi Entréesdier fir déi ganz Regioun a fir d'ganzt Land hunn."
Den zweete Volet ass de Wäimusée zu Éinen: Do, wou sech alles ronderëm de Wäin an d'Wäiregioun dréit, esou nach de Lex Delles.