arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Schëffleng op d'Plëss: De Wee vum 12 Meeter héije Chrëschtbam

Chrëschtmaart

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Vu Schëffleng op d'Plëss: De Wee vum 12 Meeter héije Chrëschtbam

Et soll Alles mat Zäite prett si fir de Chrëschtmaart, deen a knapp engem Mount opgeet. Leschte Weekend ass de 12 Meeter héije Chrëschtbam schonn aus dem Süden vum Land op d'Pless an der Staat transportéiert ginn. Fir datt net onnëtz Beem gehae ginn, huet d’Stad Lëtzebuerg sech eppes afale gelooss.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Et ass nach däischter, kal a fiicht, wéi de Camion vun de Stater Parken zu Schëffleng ukënnt. Virun engem Privathaus steet een 12 Meter héije Bam mat enger ganz harmonescher Form. Viru 35 Joer gouf e geplanzt. D'Proprietäre sti virun der Dier a sinn dach e bëssen traureg datt de Bam elo ewechkënnt, mee en huet ugefaangen d'Struktur vum Haus ze beschiedegen, wéi den Här vum Haus erkläert. 

All Bam wier wichteg an dowéinst géif et eigentlecht selten ee Grond gi fir e Bam ewechzehaen. Mee déi 12 Meeter héich Dänn hätt awer gehënnert, wéi den Här erkläert.

"Mir hunn nach hei de Buedem frëschgemaach, do hu mer iwwerall gemierkt, mat d'Wuerzelen an alles, dat ass problematesch ginn."

Wuerzelen hunn sech massiv ausgebreet

D'Proprietäre fäerten, datt d'Mauer viraus eng Kéier ewechbrieche kéint, well de Bam mat senge Wuerzelen sech ëmmer weider ausbreet. Si géife lo Hecken hei am Plaz planzen. 

Opruff fir den ideale Chrëschtbeemchen

De Service vun de Stater Parke mécht all Joers een Opruff fir no den ideale Chrëschtbeem ze sichen. D'Stad iwwerhëlt d'Käschte vun der ganzer Operatioun. Wéi ee Bam dann elo a Fro kënnt do ginn et Konditiounen, präziséiert de Christian Joly vum Service des Parcs vun der Stad Lëtzebuerg. 

"D'Leit kënne sech mellen an der komme mir sur place d'Beem ukucken."

Si géifen sech dann ukucken, wéi eng Beem passe kéinten a wou een dëse kéint hisetzen, erkläert de Christian Joly. Et wieren eng 30 bis 40  Demanden, déi all  Joer erakomme géifen. Nodeem si vum Service des parcs sech d'Beem op d'Plaz ukucke waren géifen 10 bis 11 Chrëchtbeem eraus gesicht ginn. Wann d'Lescht bis voll wier, kéint et awer och mol sinn, datt si sech schonn een oder deen anere Bam fir d'Joer drop notéieren. 

Dee vu Schëffleng huet gepasst, a gëtt ofgeseet. D’Operatioun dauert eng hallef Stonn.

"Well de Bam gëtt quasi mam Kran festgehal an da gëtt en ënnen ofgeschnidden, dat heescht e gëtt an der Luucht gehalen, mam Kran, fir dat ofzeleeën. Well anescht géifen d'Äscht schonn ëmknécksen, fir an do schonn e Schued ze verhënneren. Dat heescht, do maache mer scho ganz Preparatiounen."

Bis Januar steet de Bam op der Plëss

De Bam ass duerch, an hänkt an der Luucht. En gëtt op de Camion geluecht a festgemaach. Fir de Steve Schlim, dee mat senger Equipe vun de Stater Parken zoustänneg ass fir déi Beem ze schneiden, ass dat Ganzt gutt ofgelaf.

"Bon, et ass eeben, ee Loftstouss komm. Do hate mer de Bam jo awer do scho leien."

De Camion fiert an d'Stad, zwee Polizisten um Motorrad maachen de Wee fräi a lass geet et bis op d’Plëss. Do ass eng gréisser Verankerung virgesinn déi d’Naturkräfte mussen aushalen, betount de Christian Joly.

"Einfach well deemools hu mer Stänneren opriichte gelooss, déi och vun enger Firma berechent goufen, wéi vill Bam, wéi vill Wand de Bam géifhuelen, wéi eng Belaaschtung dat op de Buedem gëtt. Dat heescht, dohu mer dann och vum Stänner quasi en Duerchmiesser virginn, wou de Stänner vum Stamm just kann huelen."

De Bam gëtt eng leschte Kéier gehuewen, a festgemaach, bis Mëtt Januar kann een deen op der Plëss bewonneren, an esou Beem kënne Villes aushale mengt de Christian Joly. Waasser kréie se iwwer de Wanter duerch de Reen, mee och an der Verankerung ka Waasser erafléissen. Nom Chrëschtmaart ginn all d'Beem nees ewechgeholl an eng Firma kritt den Optrag d'Holz ze verschaffen an ze häcksele fir en an enger Heizungsanlag ze verbrennen.

play_arrow Lauschteren