De Waassersport huet zu Lëtzebuerg Traditioun: D'Lëtzebuerger Weltmeeschtesch am Waasserschi Sylvie Hülsemann huet schonn an den 1950er Joren zu Éinen op der Musel trainéiert. Haut gëtt et nieft dem Waasserschi och nach Wakeboard - wéi ee Snowboard mee um Waasser - a Wakesurf, wou een op der Bugwell vum Boot surft.
Waassersport-Veräiner zu Lëtzebuerg: Eng Nisch
Trotzdeem schwätzt de President vum Ehnen Beach, ee vu 4 offizielle Waassersport-Veräiner zu Lëtzebuerg, vun engem Nischesport. Ënner anerem wéinst dem niddrege Bekanntheetsgrad wier dat de Fall, mengt de Philippe Kuhn.
"Mir kréien oft gesot: 'Ah, ech wosst guer net, datt dat op der Musel geet.' Et funktionéiert. Et gëtt net nëmmen eis, et gëtt och nach anerer."
An da kascht Waassersport och eppes: Fir een Tuer vun 10 Minutte froen d'Veräiner am Schnëtt 35 Euro. Schonn eleng de Clibb hir spezialiséiert Booter kaschten iwwer 100.000 Euro.
"Natierlech ass et och kee bëllege Sport. Mee do probéiere mir dann och mat der Federatioun Stagen ze organiséieren, wou mir dann och vun der Federatioun ënnerstëtzt ginn. An och iwwer d’Federatioun gi Competitioune gemaach. Mir hunn elo zum Beispill hei zu Éinen den 13. September eng national Meeschterschaft vum Wakesurfen."
Esou frëndlech wéi méiglech fir Ufänger
Weider huet d'Covid-Pandemie dem Sport däitlech zougesat, esou nach de President vun Ehnen Beach. De Club verbréngt haut hallef esou vill Zäit um Waasser, wéi virun der Kris. Dofir versichen d'Veräiner sech esou frëndlech wéi méiglech fir d'Ufänger opzestellen, erkläert de Philippe Kuhn. Egal ob fir de Waasserschi, Wakeboard oder Wakesurf.
"Wann een heihi kënnt, do hu mir ganz Borden, Waasserschier dran, Neoprenen, Westen, Surfbrieder. Och e klenge Pneu, wou ee sech kann draleeë fir nach méi bësse Spaass ze hunn. Dat hu mir alles hei. Et muss ee just einfach d’Schwammbox an en Duch matbréngen a gutt Laun, an da passt dat."
Zu Éinen huet ee souguer e speziellt Boot, wou ee sech un enger Staang unhale kann. Dat wier am Ufank méi einfach, wéi un engem laange Seel festzehalen, erkläert de Philippe Kuhn. Doriwwer eraus freet ee sech och ëmmer fir gréisser Gruppen ze empfänken, seet de President.
D'Clibb si gutt equipéiert
Eng Formel, déi och zu Rouspert funktionéiert, erzielt de Patrick Steinmetz vu Le Dauphin Rosport
"Wat mir relativ vill hunn: Mir schaffe vill mat Schoulen a Veräiner. An dat funktionéiert wierklech ganz gutt an dat ass och vill gefrot. Dat dauert dann esou 15 Minutten ongeféier. Mir hunn ëmmer een dobäi, dee weist Iech gären, wéi et geet. A bis elo ass all Mënsch aus dem Waasser erauskomm, dee bei eis war: Vu Kleng bis Grouss."
Geféierlech ass de Sport net, soen déi Responsabel. Wéi bei ville Sportaarte kann ee sech zwar mol wéidoen, mee d'Lëtzebuerger Clibb si gutt equipéiert a betreien d'Ufänger professionell, esou de Philippe Kuhn.
D'Waasserqualitéit stellt kee Risiko duer
Och iwwer d’Waasserqualitéit misst ee sech keng Suerge maachen: Schwammen ass op der Sauer an der Musel zwar net erlaabt, mee beim Sport um Waasser ass de Risiko duerch Verschmotzung däitlech méi kleng, wéi beim schwammen, erkläert den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung.
"Beim Waassersport ass ee prinzipiell wéineg mam Waasser direkt am Kontakt. A wann een am Kontakt ass, ass et well een dra gefall ass, wou een nees eng Kéier erausklëmmt. Och do bestinn natierlech Geforen. Dat hänkt dovun of, op wat fir enger Plaz een ass, grad wéi déi Qualitéit ass. Mee allgemeng ass de Geforen-Potential do méi kleng deementspriechend."
Riskant wier et virun allem no staarkem Reen an Iwwerschwemmungen, esou nach den Expert.
Véier Clibb sinn zu Lëtzebuerg am Beräich vum Waassersport aktiv: Nieft de Veräiner zu Rouspert an Éinen gëtt et och nach de Club Nautique du Luxembourg zu Bech-Maacher an de Ski Nautique zu Gréiwemaacher.