Op ganzer 9 Grad ass d’Schifergrouf zu Maarteleng erofgekillt, erkläert d’Directrice vum Musée, d’Doris Thilmany, am 100,7-Interview. Op bis zu 42 Meter ënner dem Buedem befënnt ee sech als Visiteur. D’Grouwe ginn awer bis zu 160 Meter déif erof. Dat gesäit een als Visiteur awer net, esou d’Directrice.
Pläng, déi Deeler och accessibel ze maachen, ginn et awer keng. Verschidde Passagë géinge Klaustrophobie ausléisen, mengt d’Doris Thilmany.
"Mee haaptsächlech och nach mat der Angscht virun den Héichte mam Vertige, well esou erstaunlech et och ass, et gesäit ee vu relativ héich an d’Déift an et muss een iwwer Brécken an Trape goen, an et ass scho relativ spektakulär fir dat ze erliewen."
Déi zweetgréissten Industrie am Land
Gegrënnt gouf de Schifermusée vun de "Frënn vun der Lee", engem Veräi vu Fräiwëllegen, déi de Souvenir un d'Schiferindustrie hei am Land wëllen héichhalen. Et wier e wichtegen Deel vum kulturelle Patrimoine vun där Géigend, betount d’Directrice vum Musée.
Tatsächlech war de Schiferofbau ëm 1900 déi zweetgréissten Industrie zu Lëtzebuerg. De “Martelenger Bassin” gehéiert zu de bekanntste Plazen, op deene Schifer ofgebaut ginn ass. Mee et sinn och nach aner Plaze ginn: Aasselbuer, Veianen, Nidderwampech oder Benonchamps, direkt hanner der Grenz. Bis zu 600 Leit hunn an deem Secteur zu Lëtzebuerg geschafft.
1986 gouf déi lescht Lëtzebuerger Schifergrouf zougemaach. An den 1990er Joren dunn ass de Veräin “Frënn vun der Lee" entstanen. Deen huet sech zur Aufgab gemaach, d’Schifergrouwen zu Maarteleng nees zougänglech ze maache fir de Public. Eng Aarbecht, déi ni ganz fäerdeg ass, erkläert d’Doris Thilmany.
"Also bei eis zu Uewermaartel ass et esou, dass dee ganzen Opbau, déi Revalorisatioun, ni wierklech ka ganz ofgeschloss ginn, well et en immens grousse Site ass. Mir schwätzen zu Uewermaartel vun 8 Hektar. Mir hunn ëm déi zwanzeg Gebaier an dat ka just ganz lues a gesond wuessen zum Reamenagement vun engem kulturelle Site, deen ee kann zougänglech maachen zum Public."
E Site mat "vill, vill, vill Potential"
Wat d’Gebaier um Site ugeet, esou wieren dat net just industriell Infrastrukturen, mee och Wunnhaiser vun den Aarbechter, d’Villa vum Patron, an administrativ Gebaier. Dobäi kënnt d’Eisebunn, an natierlech alles, wat ënnerierdesch ass.
"Eleng un der Villfältegkeet, déi ech elo opgezielt hunn, kënnt Dir Iech virstellen, datt nach vill Aarbechten ze maache sinn."
Datt de Lëtzebuerger Staat d’Revalorisatioun vum Souterrain geneemegt hat, hätt e Steen un d’rulle bruecht, seet d’Doris Thilmany. Doduerch hätt ee vill Visiteuren, an allgemeng och eng grouss Opmierksamkeet, op sech gezunn.
An den Ufanksjoren huet ee bis elo ëm déi 20.000 Visiteure gezielt. Dodrop wier een houfreg, betount d’Directice vum Schiefermusé, well ee sech och als "Flaggschëff" an der Géigend gesäit.
An Zukunft wéilt een dann och nach d’Archive valoriséieren, fir kënnen eng permanent Ausstellung op d’Been ze stellen. Et hätt een deemno nach “vill, vill, vill Potential" fir déi nächste Joren.
De laange Wee a Richtung UNESCO-Weltkulturierwen
Rezent ass och eng Demande gemaach ginn, fir de Site zu Uewermaartel als UNESCO-Weltkulturierwen opzehuelen. E Prozess, deen awer ganz laangwiereg ass, wéi d’Doris Thilmany ze erziele weess.
"Mir mussen einfach mol d'Konditiounen erfëllen, fir op déi Liste tentative ze kommen. Do hu mir elo säit dësem Joer ee Groupe de travail. An dat ass elo en éischte Schrëtt, fir déi mol ze preparéieren. Do mussen also all schonn mol Preliminäre gi sinn. Och Etudes-scientifiquen. Mir mussen Rapporten hunn. Déi ganz d'Kartografie muss an der Rei sinn."
2027 wier e reellen Datum, deen een upeile kéint, dir dës Demande ze finaliséieren. Mee duerno halen d’Aarbechten net op. Et brauch een eng Gouvernance, déi op feste Féiss steet. D’Accessibilitéit vum Site muss fir jidderee garantéiert sinn, an d’Gestioun vun de Visiteuren optiméiert sinn. Mee d’Doris Thilmany gëtt net midd ze betounen, datt d’Potential definitiv do ass: “Dat soen eis och déi auslännesch Kolleegen.”
Finanziell Virdeeler
Falls de Site zu engem UNESCO-Weltkulturierwe sollt ernannt ginn, esou hätt dat eng wichteg Bedeitung fir déi ganz Regioun, seet d’Directrice vum Schifermusée. Grad de Réidener Kanton géing dacks vergiess ginn. Dobäi kommen awer och finanziell Virdeeler.
"Mir gesinn, wéi vill Suen een och brauch a wéi vill Ënnerstëtzung een och national an och vun der Groussregioun brauch, fir dee Site ganz ze entwéckelen. Mir brauchen nach immens vill Gelder. Mir brauchen nach vill Iddien. Mir brauchen eng immens grouss Vernetzung a mir brauche ganz vill Visiteuren natierlech."
A genau deene Visiteure soll déi beschtméiglech Erfarung erméiglecht ginn. Dorunner géing een all Dag dru schaffen, esou d’Doris Thilmany.