arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fouer fréier an haut

Schueberfouer

|
headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Fouer fréier an haut

Den Historiker Steve Kayser kennt sech wéi bal keen Zweete mat der Geschicht vun der Schueberfouer aus. Am 100,7-Interview erzielt hien, wéi eng Roll Nostalgie op der Fouer spillt, a firwat se op de Glacis gehéiert, a soss néierens.

headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow
© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Déi 685. Editioun vun der Schueberfouer ass voll am gaangen. En Evenement, dat net nëmmen eng laang Traditioun huet, mee och historesch immens intressant ass. Aus deem Grond intresséiert sech den Historiker Steve Kayser och fir d’Geschicht vun der Fouer.

E Spill, dat Nostalgie ausléist

D’Spill “Bayern-Kurve” ass eng vun den eelsten Attraktiounen, déi op der Fouer steet. E “Kultkarusell” kéint ee scho bal soen, esou de Steve Kayser. Ursprünglech aus dem Joer 1968 erméiglecht dëst Spill en Abléck an d’1960er Joren, a verréit engem och, wat an där Zäit beléift war. Esou spigelt d’”Bayern Kurve” d’Theema Wantersport an Olympesch Spiller erëm. Grad Bob fuere war zur där Zäit populär, betount den Historiker.

"Déi éischte Kéier, wou eng Bayern Kurve bei eis stoung, dat war am Joer 1968. Dat war eng Forains-Famill aus Däitschland. Et war deen éischte Modell, dee gebaut ginn ass. Deen éischte Manège, dee gebaut ginn ass vun deem Typ, deen zu Lëtzebuerg stoung. Ech fannen dat interessant, well et seet eis jo och, dass deemools, knapps dräi Joer nodeem dat Spill erauskomm ass, Lëtzebuerg awer schonn esou interessant war a flott genuch war, fir dass esou eng Attraktioun de Wee op Lëtzebuerg fonnt huet."

Am Verglach zu méi moderne Spiller wierkt d’Attraktioun vläicht e bëssen aus der Zäit gefall, mee grad dat géing hire Charme ausmaachen, esou de Steve Kayser. Och d’Nostalgie spillt eng Roll. Vill Visiteure géinge sech bewosst vun dësem “Vintage-Charme” unzéie loossen. D’Technik ass awer alles anecht wéi vintage.

"Wat och wichteg ass, dat muss een natierlech wëssen, déi Anlag, déi ass och matgaange mat der Zäit. Dat heescht, si ass um techneschen Top. Si ass ëmmer erëm erneiert ginn."

De Steve Kayser mengt och, datt d’Organisateure vun der Fouer bewosst Spueren aus fréiere Joerzéngte erhalen.

Den Historiker Steve Kayser. | © Jo Diseviscourt
Den Historiker Steve Kayser. (Foto: Jo Diseviscourt)

An awer kënnt et och vir, datt eenzel Manègen trotzdeem op eemol zu engem gewësse Moment dëm Zäitgeescht zum Affer falen. De Steve Kayser fënnt et beispillsweis schued, datt een op der Schueberfouer keen historescht Päerds-Spill fënnt. 

"Mee fir dass een natierlech och heiansdo mol eng Neierung ka presentéieren, mussen al Saachen ewechfalen. Dat ass leider esou. Et ass nämlech net onendlech vill Plaz um Glacis."

Dat éischt Rieserad um Glacis

A propos Plaz: Am gréisste war d’Fouer an den 1970er a wärend den 1980er Joren. 

D'Geschicht vun der Fouer wier u sech eng Geschicht vun der Migratioun, seet de Steve Kayser. Ugefaangen um Hellege Geescht huet se sech 1893 definitiv um Glacis installéiert. Ufanks op enger Bulliswiss, well näischt macadaméiert war. 

An den 1970er Joren ass d’Plaz du richteg befestegt ginn, fir datt de Reen net alles fortschwemmt.

"Déi nächst Etapp war dann, dass ee gesot huet, den ënneschte Glacis, de sougenannten Schofsmuart, dee bebaue mir och. Dat war awer schonn 1972 de Fall."

Fir de Visiteurszuelen entgéint ze wierken, déi am gaange waren erof ze goen, huet een 1972 och eng éischte Kéier e grousst Rieserad op d’Fouer bruecht. 1989 gouf et eng maximal Ausbreedung vum Glacis: De Rondpoint Schuman ass gebaut ginn an de Boulevard de la Foire ass beschnidde ginn. Den ieweschte Glacis ass dobäi komm, 2003 awer nees ewechgefall, wéi deemools d’Entrée vum Parking vum neien Theater gebaut ginn ass.

De leschten Aschnëtt war dunn den Tram.

D'Leit identifizéiere sech mam Glacis

Reegelméisseg gëtt sech och d’Fro no engem alternative Site gestallt. Fir den Historiker Steve Kayser ass d’Fouer awer ganz enk mat hirem Site verbonnen.

"Ech stelle just fest, ganz objektiv, datt d'Identifikatioun tëschent der Veranstaltung an hire Leit och mat dem Site Glacis ze dinn huet. Wann ee kuckt am Ausland, all déi gréisser Manifestatioune vun deem Charakter, déi erausgeréckelt gi sinn op d'Peripherie, hunn eng Katastroph erlieft."

Aus genau deem Grond géif d’Fouer "dohinner gehéieren, wou se ass."

play_arrow Lauschteren