arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerreschter vum ale Klouschter geschwë fir de Public zougänglech

Ënnert der Cité judiciaire

|
headphones

1 min

Iwwerreschter vum ale Klouschter geschwë fir de Public zougänglech

D’Iwwerreschter vum ale Klarisseklouschter ënner dem Gebai vun der Cité judiciaire wäerte vum 14. Juni un op Reservatioun hin nees zum Deel fir de Public op sinn.

headphones

1 min

© Jacques Ganser
(Foto: Jacques Ganser)

Déi archeologesch Krypta aus dem Joer 1234 gouf wärend dem Bau vun der Cité judiciaire ënner ronn 3.000 Kubikmeter Sand a Buedem agegruewen an esou geschützt, dat awer ënner der Oplag, de Site nees hierzestellen.

Zwou Phasen

D'Reconstructioun vum Site gouf zënter dem Joer 2023 vun den Instituter fir den historesche Patrimoine INPA a INRA realiséiert. De Kulturminister Eric Thill huet de Projet gëschter um Dënschdeg virgestallt. An enger zweeter Phas sollen all déi Informatiounen iwwer d'Liewe vun deemools, déi een unhand vum Site erausfonnt huet, opgeschafft ginn. 

"Éischt Etapp, an dat war mir ganz wichteg, dëse Site awer elo am Kader vum 30. Anniversaire fir d'Alstad, eis Festung, déi elo 30 Joer um Weltkulturierwe vun der UNESCO festgehalen ass, an deem Kader, plus d'LUGA, dëse Site eeben zougänglech ze maache fir Visiteuren."

play_arrow Lauschteren

De Site soll an den nächste Joren am Sënn vum Kulturtourismus weider ausgebaut ginn. Fënnef Bureaue goufe beoptraagt, e Projet fir e Parcours auszeschaffen. Visite-guidéeë si momentan nëmmen op Rendez-vous beim Institut national du patrimoine architectural INPA méiglech.