Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun autoriséiert mRNA-Impfstoff géint Bronchiolite

Gesondheet

EU-Kommissioun autoriséiert mRNA-Impfstoff géint Bronchiolite

D‘EU Kommissioun gouf gréng Luucht fir en RNA-Impfstoff vum Labo Moderna géint VRS – e Virus, dee Bronchiolite mat Otemproblemer verursaacht.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

Et ass déi éischte Kéier, datt an der EU en Impfstoff vum Typp mRNA fir eng aner Krankheet ewéi Covid-19 zougelooss gouf. E gëllt just fir Leit vu 60 Joer an driwwer. D‘USA haten am Mee och schonn dësen neien Impfstoff géint VRS autoriséiert. De VRS Virus ass héich ustiechend a virun allem bekannt fir am Wanter bei vill Kanner Bronchiolitten auszeléisen. Bei eeler Leit kann e geféierlech sinn well en d‘Longen ugräift.