Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mpox-Variant: Aktuell kee Besoin fir gréisser Mesuren ze huelen

Gesondheetsministère

Nei Mpox-Variant: Aktuell kee Besoin fir gréisser Mesuren ze huelen

D‘Weltgesondheetsorganisatioun hat e Mëttwoch wéinst der neier Variant déi héchsten Alarmstuf ausgeruff. De Fall a Schweden ass den éischte Fall an Europa, nodeems déi Krankheet sech um afrikanesche Kontinent ausgebreet hat, an am Kongo zanter dem Ufank vum Joer op d'mannst scho 548 Doudeger gefuerdert huet.

auto_stories

2 min

Mpox | © picture alliance / CFOTO | CFOTO
Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO

Och déi europäesch Gesondheetsautoritéit ECDC warnt viru méi Fäll. Trotzdeem berouegt déi europäesch Gesondheetsautoritéit: D‘Warscheinlechkeet vun enger séierer Verbreedung wier geréng, wann d‘Fäll séier diagnostizéiert ginn a Kontrollmesuren ëmgesat ginn. 

Et wier awer keng Situatioun, déi ee sollt mat der Covid-19-Pandemie vergläichen, sou de Gesondheetsministère. De Joel Mossong, Epidemiologist, erkläert, datt de Risiko fir de Moment als geréng ageschat gëtt.

“Fir Lëtzebuerg heescht dat am Moment, datt mir sollen oppassen a prett si fir Fäll. Am Moment gëtt de Risiko vum europäesche Center for Disease Control als kléng fir déi allgemeng Bevëlkerung ageschat, respektiv och wat d’Sécuritéit ubelaangt als relativ kleng ageschat. Am Moment ass de Risiko eben net immens grouss, sou datt mir elo kee weidere Besoin gesinn, fir lo scho gréisser Mesuren ze huelen.”

Lëtzebuerg wier iwwerdeems mat 10.000 Dosen Impfstoffer virbereet, falls et zu Fäll sollt kommen.

China huet an Tëschenzäit seng Areeskontrolle fir Leit aus Mpox-Gebidder verschäerft.

Den Mpox-Virus ass Famill mam klassesche Poukevirus a gëtt duerch enke Kierperkontakt iwwerdroen. E léist virun allem Hautausschlag aus, awer och Féiwer a Péng an de Muskelen. Et ginn zwee Impfstoffer, awer bei wäitem net genuch Dosen an Afrika.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
International