Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Verdacht vun neier Mpox-Virus-Variant an Thailand

Santé

Éischte Verdacht vun neier Mpox-Virus-Variant an Thailand

An Thailand gëtt et en éischte Verdacht op déi nei Variant vum Mpox-Virus. Dat mellen déi lokal Autoritéiten. De Patient wier ee 66 Joer alen Europäer, deen d‘lescht Woch aus Afrika an Thailand gereest ass, heescht et vum thailännesche Gesondheetsministère.

auto_stories

1 min

Mpox | © picture alliance/dpa | Sven Hoppe
Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe

Den Infizéierte wier aktuell an enger Klinik ënner Quarantän.

D‘Autoritéite missten awer nach confirméieren, ob et sech hei effektiv ëm déi nei Variant vum Mpox-Virus handelt, wéinst där d‘WHO rezent déi héchsten Alarmstuf ausgeruff huet.