Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland mellt éischte Fall vum Mpox-Virus

Santé

Däitschland mellt éischte Fall vum Mpox-Virus

An Däitschland gëtt et en éischte Fall vun der neier Variant vum Mpox-Virus. D‘Persoun hätt sech am Ausland infizéiert. Dat huet de Robert-Koch-Institut matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Achim Wagner/Adobe Stock
Foto: Achim Wagner/Adobe Stock

A Schweden war Mëtt August den éischte Fall mat dëser Mpox-Variant baussent dem afrikanesche Kontinent confirméiert ginn. Infektioune mat der aler Variant ginn et zënter Mee 2022 a ville Länner.

Mpox ass nëmmen a rare Fäll déidlech. Symptomer sinn Ausschlag, Féiwer, Kappwéi a Muskelschmerzen.