Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Lëtzebuerg huet Wëlles, Impfstoff ze spenden

MPOX-Impfungen

Och Lëtzebuerg huet Wëlles, Impfstoff ze spenden

Déi afrikanesch Gesondheetsagence krut Zousoe fir Liwwerunge vun enger Millioun Dosissen Impfstoff géint d’Krankheet Mpox. Gebraucht ginn der méi ewéi duebel esou vill. D’EU-Kommissioun rifft op, ze spenden. Lëtzebuerg huet Wëlles, Donen ze maachen. Wéi vill soll gespent ginn, steet nach net fest, sou de Gesondheetsministère.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / Marina Demidiuk

D’Weltgesondheetsorgansatioun hat fir den Donneschdeg an ee Freideg eng Online-Konferenz aberuff, fir sech mat den zoustännegen Autoritéiten iwwert déi aktuell Entwécklungen ze beroden. D’WHO huet ee Plang op d’Been gestallt fir deene Länner ze hëllefen, déi am meeschte vun Mpox betraff sinn. Well et net genuch Impfstoff gëtt, wäerten als alleréischt déi Persoune mat héijem Risiko an d’Personal aus dem Gesondheetswiesen un d’Rei kommen.

Spendenopruff vun der EU-Gesondheets-Kommissärin

D’EU hat am Numm vun der Gesondheets-Kommissärin dozou opgeruff, Done vun Impfdosissen ze maachen. Bis dëse Weekend sollten d’Länner hir matdeelen, ob a wéi vill Vaccin si spende wëllen, sou d’Stella Kyriakides an engem Bréif un d’Gesondheetsministere vun de 27 EU-Länner, an deem si och eng Koordinatioun vu Bréissel aus offréiert huet.

Wat genee dobäi erauskoum, schéngt elo, een Dag ier déi Deadline ofleeft, net esou kloer ze sinn.

Et wier een am Kontakt mat de Memberlänner an d’Hera, d’EU-Agence fir Krisepreventioun, wier och ageschalt, verséchert den zoustännege Porte-Parole vun der Kommissioun. Hie kéint keng Detailer iwwert Spende vun de Memberstaaten presentéieren, sou den Stefan de Keersmaecker op eis Nofro.

Klappt EU-Koordinatioun?

Verschidde Länner ewéi Spuenien oder Däitschland hu schonn annoncéiert, Donen am grousse Stil ze maachen.

Et kéint also sinn, datt dat laanscht d’Kommissioun leeft an d’EU - just datt sollt evitéiert ginn, well ee Léieren aus der Covid-Pandemie zéie wollt, sou och nach de Kommissiounsspriecher, allerdéngs betount hien och:

„Mais n’oublions pas que les décisiouns concernant les vaccins sont des décisions qui relèvent de la compétence nationale.“

Lëtzebuerg mécht mat, wéi vill Dosissen akaaft a gespent ginn, ass nach net gewosst

D’Europäesch Unioun huet ee Kaderkontrakt mam Hiersteller “Bavarian Nordic”, d’Länner hunn d’Méiglechkeet doriwwer anzekafen an déi Dosissen dann ze spenden.

Lëtzebuerg wëllt dovu Gebrauch maachen. Een Deel vun deene Vaccinen, déi nei akaaft gi solle gespent ginn, huet eis de Gesondheetsministère matgedeelt. Wéi vill genee, gouf net preziséiert. Et géif dovun ofhänken, wéivill Impfstoff Lëtzebuerg am Ganze kréie kann, huet et op eis Nofro geheescht.

Deem Kader-Kontrakt no kënnen d’EU-Länner bis zu zwou Milliarden Impfdosissen akafen, dat hat d’EU-Kommissioun matgedeelt.

Lauschterenplay_arrow