Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU-Kommissioun huet net genuch Informatioune beim Aushandele vun de Covid-Vaccin-Kontrakter ginn

EuGH-Urteel

D'EU-Kommissioun huet net genuch Informatioune beim Aushandele vun de Covid-Vaccin-Kontrakter ginn

D‘EU-Kommissioun huet beim Aushandele vun de Kontrakter vir Covid-Vaccinen net genuch Informatioune verëffentlecht. Dat huet den europäesche Geriichtshaff haut decidéiert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Bigstock

E puer EU-Deputéiert, dorënner och d‘Tilly Metz vun déi gréng, hate géint d‘Kommissioun geklot. De Geriichtshaff gëtt de Plaignanten elo deelweis Recht an annuléiert d‘Decisioune vun der Kommissioun.

D‘EU-Kommissioun hätt deemno net kënne noweisen, datt d‘Verëffentleche vun allen Informatiounen déi an de Kontrakter stinn, de betraffene Firmae geschuet hätt.

Och d‘Argument vum Schutz vum Privatliewe vun den Ënnerhändler fir hir Identitéit geheim ze hale gouf vum Geriicht net unerkannt. Nëmmen dann, wann hir Nimm bekannt sinn, kéint een och ausschléissen, datt se keen Interessekonflikt hunn. 

Tilly Metz: "Grouss Victoire fir all d'Bierger"     

D’Europaparlament huet d’Flicht, eng Kontrollfunktioun auszeübe par rapport zu den Aktioune vun der Europäescher Kommissioun. Dat ass awer net méiglech, wann net all d’Donnée um Dësch leien, sou d’Reaktioun vun der Tilly Metz op dat Urteel, wat si als “grouss Victoire fir all d’Bierger vun der EU” bezeechent.

"Et ass fir d'éischte Kéier, datt wierklech elo offiziell gesot ginn ass, datt een net ka Secret-commerciallen an de Vierdergrond stellen, sief dat par rapport zur Responsabilitéit, sief et par rapport zu Interessekonflikter. Als Kommissioun oder als Industrie kann een net soen: 'Ah nee, do si lo Secret-commerciallen, also Handels-Secreten, déi da géifen devoiléiert ginn. Dat grousst Argument, wat elo ëmmer rëm an de Vierdergrond gestallt ginn ass, gëllt lo net méi."

Wärendde Pandemiejoren 2020 an 2021 hat d‘Kommissioun von der Leyen amNumm vun de Memberstaate Kontrakter fir iwwer 100 Millioune Vaccinsdosise verhandelt an ofgeschloss. D‘Urteel kann nach virum Europäesche Geriichtshaff ugefecht ginn.