Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Interessekonflikt bei der europäescher Medikamentenagence?

Europa

Interessekonflikt bei der europäescher Medikamentenagence?

Déi europäesch Medikamentenagence muss séchergoen, datt hir Beroder net an engem Interessekonflikt sinn. Dat Urteel huet den Europäesche Geriichtshaff gesprach an der Affär ronderëm d‘Medikament Hopveus, dat agesat ka ginn, fir géint Alkoholofhängegkeet ze kämpfen.

auto_stories

1 min

D‘EU-Kommissioun hat d‘Zouloossung vum Medikament am Summer 2020 refuséiert, wéinst engem defavorabelen Avis vun enger EMA-Instanz. De Produzent D&A Pharma hat de consultéierten Experten awer Impartialitéit virgehäit. D‘Riichter um Europäesche Geriichtshaff huet der Firma haut Recht ginn an d‘Decisioun vun der Kommissioun annuléiert.