D‘Zil vun dëser Mesure, déi vun der EU-Kommissioun proposéiert gouf, wier et, virun de Gefore vum Passivfëmmen ze schützen. De Verbuet soll och fir E-Zigarette gëllen.
D‘Deputéiert am EU-Parlament ënnerstëtzen dës Iddi, kritiséieren awer, datt d‘Kommissioun net tëschent klasseschen Tubaksproduiten an alternative Produiten differenzéiert.
Eng final Decisioun gëtt sech am Dezember erwaart. Well d‘Gesondheetspolitik awer an der Verantwortung op nationalem Niveau läit, wier dës Propos rechtlech net verbindlech.