Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Stierffall: Co-Versécherung vun engem Kand gëtt net automatesch op deen aneren Elterendeel iwwerdroen

CNS

Bei Stierffall: Co-Versécherung vun engem Kand gëtt net automatesch op deen aneren Elterendeel iwwerdroen

D‘Co-Versécherung vun engem Kand gëtt beim Stierffall vum versécherten Elterendeel net automatesch op deen aneren Elterendeel iwwerdroen. Dat äntwert d‘Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun deene Gréngen.

auto_stories

1 min

Deen Elterendeel, deen nach lieft, muss sech bei der CNS mellen, fir d‘Affiliatioun vum Kand ze regulariséieren. Wann dësen Elterendeel selwer bei der Krankekeess verséchert ass, etabléiert d‘CNS réckwierkend – also nom Doudesdag vum aneren Elterendeel – d‘Co-Assurance vum Kand beim nach liewenden Elterendeel.