Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'JDL fuerdert eng Uni-Klinick an ee Medezin-Masterstudiegank op der Uni.lu

Jonk Demokraten

D'JDL fuerdert eng Uni-Klinick an ee Medezin-Masterstudiegank op der Uni.lu

D'Jonk Demokrate plädéieren an engem Schreiwes fir d‘Aféiere vun engem Masterstudiegank an der Medezin an d'Grënnung vun enger Universitéitsklinik zu Lëtzebuerg. Aktuell misste Medezinsstudenten- a Studentinnen nom Bachelor op der Uni.lu an d'Ausland goen.

auto_stories

1 min

picture alliance / imageBROKER | Mikalai Sayevich | © picture alliance / imageBROKER | Mikalai Sayevich
Foto: picture alliance / imageBROKER | Mikalai Sayevich

D'Jonk Demokrate betounen de Manktem un Dokteren an Dokteschen hei am Land a sinn der Meenung, datt ee Master an eng Universitéitsklinik de Manktem u spezialistéier Medezinner:inne reduzéiere kéinten. Ausserdeem wier dëst eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg als Standuert fir Pharmaentreprisen a medezinesch Ariichtunge méi attraktiv ze maachen, esou nach d'JDL an engem Communiqué.