Dat géif et fir d’Länner méiglech maachen, hir Depense fir d’Verdeedegung däitlech ze erhéijen, sou d’Ursula von der Leyen. D’Kommissioun géif ee Pak vu Mesure proposéieren, déi jeeweils op déi eenzel Memberlänner zougeschnidde sinn.
Déi Extra Klausel, déi elo soll aktivéiert ginn, erlaabt et de Länner a Krisesituatiounen, sech fir eng bestëmmten Zäit net un d’Budgetsreegelen ze halen. Si gouf fir d’Lescht wärend der Coronapandemie aktivéiert. Op deem Wee wier et de Länner deemools méiglech gemaach ginn, hir ëffentlech Investitiounen substantiell eropzesetzen, sou d’Kommissiounscheffin de Freidegmëtteg zu München.
JD Vance: Meenungsfräiheet geet an Europa zeréck
Den US-Vizepresident JD Vance huet a senger Ried op der Sécherheetskonferenz zu München behaapt, datt déi grenzelos Immigratioun de gréisste Problem wier. D‘Resultat dovun hätt ee gëschter bei der Attack zu München gesinn. Hien huet och kritiséiert, datt keng populistesch Parteien op der Sécherheetskonferenz zougelooss gi wieren.
Weider huet den JD Vance behaapt, datt d‘Meenungsfräiheet an Europa amgaange wier zeréckzegoen. Hien huet kritiséiert, datt d‘Meenungsäusserungen als Desinformatioun géife verfollegt ginn.