De Grand Duché setzt awer net allgemeng op de forcéierte Retour vu syresche Flüchtlinge mat temporärem Statut.
Déi europäesch Migratiounspolitik steet am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen um Dënchdeg um Kierchbierg, wou d’Innenministeren- a Ministeschen aus de 27 EU-Länner zesumme sinn.
Et geet konkret ëm d’Retoure vu Persounen, deenen hir Asyl-Demande refuséiert goufen an dorëms ob d’Länner Decisiounen doriwwer aus engem aneren EU-Staat akzeptéiere mussen. D'Europäesch Kommissioun huet dat als EU-wäit Reegel proposéiert.
Géigesäitegt Unerkenne vun Decisiounen iwwer Retouren ass ëmstridden
Däitschland an anerer sinn do net dofir. Si géife sech gären d’Recht virbehalen, hir eegen Decisiounen ze huelen an ëmzesetzen. Och d’Belsch ass skeptesch.
Obligéiert ze sinn, Decisioune vun aneren Autoritéiten ëmzesetzen, kéint eng zousätzlech Belaaschtung bedeiten, sou déi belsch Ministerin fir Asyl a Migratioun, d’Anneleen van Bossyut. Grad d’Belsch als Land, an deem vill Migrante liewen, fir déi aner EU-Länner zoustänneg sinn, kéint domat iwwerfuerdert sinn, Retouren, déi anzwousch anescht decidéiert goufen, missen ëmzesetzen.
Och Lëtzebuerg setzt sech net fir eng eenheetlech europäesch Approche an deem Fall an.
D’Regierung wier fir eng méi flexibel Approche, sot de Moien den Innenminister Leon Gloden virun der Reunioun um Kierchbierg. “Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Europäesch Kommissioun”, esou den CSV-Politiker. “Fir datt mir virukommen si mir awer der Meenung, datt wärend enger gewësser Zäit eng flexibel Approche adoptéiert gëtt.”
Syrien: Dräi fräiwëlleg Retoure vu Lëtzebuerg aus zënter Dezember 2024
Anere Sujet ass de Retour vu syresche Flüchtlingen. Éisträich ass dofir, datt virun allem Leit, déi an der EU stroffälleg goufen, och géint hire Wëllen a Syrien zeréckgefouert ginn.
D’Land huet dat als éischten EU-Memberstaat gemaach an hätt gären, datt déi aner EU-Staaten dat genee esou maachen. Hie géing senge Kolleegen op der Reunioun zu Lëtzebuerg de Rapport iwwert déi éisträichesch Experienz maachen, déi éischt Condamnéiert no 15 Joer nees a Syrien ze refouléieren, sou en Dënschdeg de Moien den éisträicheschen Innenminister Gerhard Karner.
“Ich bin davon überzeugt, dass sehr bald auch andere europäische Länder dem Beispiel Österreichs folgen werden. Dass Straftäter auch direkt nach Syrien abgeschoben werden, weil es einfach notwendig ist.”
Lëtzebuerg setzt sech fir eng “See and visit”-Approche an, sou den Innenminister Léon Gloden. Syrer, déi fräiwëlleg wëllen zeréckgoen, sollen d’éischt mol am Land kucken, ob si do eng Méiglechkeet hunn, fir sech ee Liewen opzebauen. Et missten och Diskussioune mat den Autoritéiten a Syrie gefouert ginn.
"Dat ass natierlech fir eis als Lëtzebuerg e bësse méi schwéier wéi fir Däitschland oder Frankräich. Duerfir sinn ech der Meenung, datt mer eis sollen deene Länner uschléissen, wann déi a Syrie ginn, fir do ze negociéiere."
Et bräicht een eng besser Kooperatioun tëscht de Memberlänner an och mat den internationalen Organisatioune wéi dem UN Flüchtlingsrot an der Internationaler Organisatioun fir Migratioun.
Am Ganze sinn tëscht Januar a Juni dëst Joer 2.900 syresch Refugiéë fräiwëlleg zeréckgaangen. Ronn 3.000 sinn der zeréckgaangen, nodeems si kee Statut fir eng Openthaltsgeneemegung kruten.
D’IOM huet zanter dem Dezember 2024 gehollef néng Retoure vu Syrer ze organiséieren, dräi dovu vu Lëtzebuerg aus.
“Et huet sech em fräiwëlleg Retoure gehandelt”, sou de Léon Gloden.
"Et huet kee Wäert een erof ze schécken, wann en do ënne keng Perspektiv huet. Dann hu mer näischt gewonn, dann hu mer deene Leit net gehollef, da komme se souwisou erëm zeréck."
Wat de forcéierte Retour vu syresche Flüchtlingen ugeet, déi wéinst engem Crime verurteelt goufen, do “ass Lëtzebuerg domat d’accord”, sou de Léon Gloden.
Och wann ee weess, wéi onsécher, d’Situatioun a Syrien ass?
"Jo, mee déi Persoun huet jo och hei de Rechtsstaat net respektéiert. Et kann een net le beurre et le sourire de la crémière kréien."
Äntwert dorop de Léon Gloden.
Vertrieder vun de Vereenten Natiounen hate vru Kuerzem virdru gewarnt, syresch Flüchtlinge géint hire Wëllen zeréckzeschécken. Wéinst de ville Retouren aus den Nopeschlänner wier "d’Opnamkapazitéit um Enn”, esou ee Vertrieder vum UNHCR géintiwwer der Süddeutschen Zeitung.