Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
search

/ EU-Defensepolitik: Lëtzebuerg fir Eurobonds

EU-SOMMET

EU-Defensepolitik: Lëtzebuerg fir Eurobonds

Lëtzebuerg steet och hannert der Propos vun der EU-Kommissioun, de Profit vu konfiszéierte russesche Staatssuen an d’Defense vun der Ukrain ze stiechen, sou de Luc Frieden um EU-Sommet zu Bréissel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Propos vun der Europäescher Kommissioun, datt de Profit vun agefruerene russesche Staatsgelder soll geholl ginn, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen. Dat huet de Premier Luc Frieden um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel gesot. Lëtzebuerg hat sech uganks éischter skeptesch gewisen.

Juristesche Kader elo méi kloer definéiert

Et misst kloer getrennt ginn tëscht russesche Staatsgelder an de Privatverméige vu russesche Staatsbierger, sou de Luc Frieden. Privatsue kéint een aus juristesch Grënn kengem einfach esou wechhuelen, mengt de Premier. Anescht bei de Profitter, déi aus konfiszéierte Staatsgelder generéiert ginn.

“Dee juristesch Kader ass elo méi kloer definéiert, an dofir kënne mir déi Propositioune vun der Kommissiounspresidentin ënnerstëtzen.”

Den ukrainesche Premier Denys Schmyhal hat bei senger Visitt zu Lëtzebuerg gefuerdert, de Grand-Duché sollt déi sechs Milliarden Euro russesch Sue vun Oligarchen, déi konfiszéiert goufen, der Ukrain zur Verfügung stellen. Dozou seet Lëtzebuerg awer weider Neen, esou de Premier.

“Sou eng Solutioun kann een nëmmen an engem europäesche Kader huelen. Déi juristesch Froen, déi domat zesummenhänken, si fir de Moment net beäntwert. Et kann een net einfach engem seng Sue wechhuelen. Mir sinn an engem Rechtskader an dofir ass dat fir de Moment net méiglech.”

Eurobonds fir exzeptionell Situatiounen

D’Verdeedegungspolitik vun der Europäescher Unioun ass och ee Sujet um EU-Sommet.

Et geet drëm, wéi d’Defense ka finanzéiert ginn. Verschidde Länner hunn do d’Iddi vun Eurobonds, also gemeinsamen EU-Scholden, an d’Spill bruecht. Lëtzebuerg ass do net dergéint, sou de Premier.

"Ech mengen net, datt Eurobonds eng Léisung fir all Froen an Europa kënne sinn. Dat ass och net virgesinn an den Traitéen. Awer an exzeptionelle Situatiounen, wou een e gemeinsamen Effort brauch, wéi zum Beispill an der Defense, do stinn ech där Iddi oppe géintiwwer an do kann ech mir esou Piste virstellen."

Et ass ze erwaarden, datt déi 27 EU Staats- a Regierungscheffen haut gréng Luucht gi fir d’Bäitrëttsverhandlunge mat Bosnien ze lancéieren. Lëtzebuerg géing dat ënnerstëtzen, sou de Luc Frieden, “well et geet ëm méi wéi Bosnien, et geet ëm d’Sécherheet, och an deem Deel vun Europa”.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.