search

/ Dräi weider Mannerjäreger zu Schraasseg

Parquet Lëtzebuerg

|
headphones

2 min

Dräi weider Mannerjäreger zu Schraasseg

De Parquet Lëtzebuerg huet decidéiert, datt dräi weider Mannerjäreger provisoresch an de Prisong op Schraasseg kommen. Si waren no engem Abrochversuch interpelléiert ginn.

headphones

2 min

© Marlène Clement
(Foto: Marlène Clement)

D‘Police huet an der Suite vun engem Abrochversuch zu Käerjeng véier Mannerjäreger festgeholl.

Si gi verdächtegt fir den Abroch responsabel gewiescht ze sinn a goufen op Schraasseg bruecht, deelt de Parquet Lëtzebuerg mat.

Verdächteger ouni feste Wunnsëtz

Wéi et weider heescht wieren déi véier Mannerjäreger der Police bekannt. Si waren ënner verschiddenen Identitéiten ënnerwee, dat am Ausland an zu Lëtzebuerg. Eenzelner waren och schonn inhaftéiert.

Well déi véier Verdächteg kee feste Wunnsëtz hunn, wier de Suivi an dëser Affär komplex, heescht et weider am Schreiwes.

An dräi Fäll huet de Parquet elo eng sougenannte garde provisoire zu Schraasseg ordonéiert. Eng véiert Persoun gouf an engem spezialiséierte Foyer ënnerbruecht. Domadder soll all Recidive verhënnert ginn.

Zwee Jonker souze scho provisoresch zu Schraasseg

Gëschter hat de Parquet Lëtzebuerg scho matgedeelt, datt ee Mëttwoch zwee Mannerjäreger provisoresch op Schraasseg koumen.

Si ware festgeholl ginn, nodeems si enger Persoun de Portmonni am Tram an der Stad geklaut haten.

De Parquet hat präziséiert, datt déi zwee Jonker an de Prisong op Schraasseg koumen, well am Centre socio-educatif zu Dräibuer keng Plaz méi fräi gewiescht wier, an och wéinst der Gravitéit vun de Faiten.

Dozou sot de Justizspriecher Henri Eippers eis op Nofro hin, eng “Gravitéit vun de Faite” wier hei genannt ginn, well déi zwee Mannerjäreger am Verdacht stéingen, schonn dacks Abréch an Déifställ gemaach oder versicht ze hunn, a well se verdächtegt géifen, Member vun engem organiséierte Grupp ze sinn.