search

/ Dr. Wilmes weist Virwërf an engem Bréif u Patient:innen zeréck

No Suspendéierung

|
headphones

1 min

Dr. Wilmes weist Virwërf an engem Bréif u Patient:innen zeréck

De suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes riicht sech an engem Bréif u seng Patient:innen. Fir si iwwert seng Suspendéierung ze informéieren an hinne seng Siicht vun der Affär ze erklären. Wort.lu zitéiert aus deem Bréif.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

De Philippe Wilmes weist d‘Virwërf zeréck, datt hien Agrëffer gemaach hätt, déi net medezinesch néideg gewiescht wieren. Hie schwätzt vun anonymmen an onbegrënnten Uschëllegungen, zu deenen hie keng Méiglechkeet gehat hätt, Stellung ze bezéien.

An deem Bréif géif den Dr. Wilmes och schreiwen, datt d‘Affär politesch motivéiert wier. Säin Engagement fir e bessere Gesondheetssystem a fir modern an innovativ Therapien hätt verschidde Leit gestéiert. Dofir wier probéiert ginn, ee politesche Géigner aus dem Wee ze raumen. Och seng FindelClinic wier e Projet, dee villen Acteuren am Gesondheetswiesen net géif gefalen.