arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNS deelt mat, et hätt ee sech mat der AMMD op eng nei Konventioun gëeenegt

Gesondheet

|
reading time

1 min

CNS deelt mat, et hätt ee sech mat der AMMD op eng nei Konventioun gëeenegt

Een halleft Joer nodeems d’Dokteschassociatioun d’Konventioun mat der CNS gekënnegt huet, goufe béid Säite sech iwwer eng nei Konventioun eens. Dat deelt opjiddefall d’CNS an engem Communiqué mat. Den Text wier prett, elo géif ee just nach op d’Ënnerschrëft vun der Dokteschassociatioun waarden.

reading time

1 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

Detailer iwwer déi nei Konventioun huet d’CNS awer net ginn.

Béid Parteien hunn no der Kënnegung sechs Méint Zäit, fir eng nei Konventioun ze ënnerschreiwen. Deen Delai leeft geschwënn of - sollt d'AMMD net bis Enn des Mounts ënnerschreiwen, da misst een op eng Mediatioun zeréckgräifen, esou d'CNS. 

Am Hierscht d’lescht Joer hat d’AMMD d’Konventioun mat der Gesondheetskeess gekënnegt. D’Dokteschtassociatioun hat strukturell Ännerunge verlaangt, nodeems et och Sträit tëschent béide Säiten iwwer d’Festleeë vun den Tariffer vun den Doktere gouf.