Mat dëser Reform sollt d‘Tubakssteier un d‘Kafkraaft vun de jeeweileger Memberlänner ugepasst ginn, déi dann een Deel u Bréissel oftrieden.
D‘Lëtzebuerger Regierung a virop den zoustännege Finanzminister Gilles Roth ass éischter skeptesch géintiwwer esou enger Reform, well Lëtzebuerg a sengen Aen net op d‘Recetten duerch d‘Tubaksaccise verzichte kéint.
Gespréicher, fir méi séier virunzekommen
Den EU-Kommissär Wopke Hoekstra huet am 100,7-Interview trotzdeem vu positive Gespréicher mam Premier geschwat.
"Mir wëssen, datt eng vun zwou Persounen, déi fëmmt, doru stierft. Zweetens observéiere mir een héicht Ausmooss u Bedruch, deen all Joer ronn 13 Milliarden Euro ausmécht. Dat ass eng gewalteg Zomm."
Et hätt een Interêt drun de Bannemarché ze schützen a virunzebréngen.
"Mee, esou Sujete sinn och sensibel. Dës Gespréicher hunn also den Zweck, méi séier ee Versteesdemech an ee gemeinsame Wee ze fannen, fir virunzekommen."
Iwwer déi genee Inhalter, déi an der Entrevue mam Premier beschwat goufe, wollt den EU-Kommissär sech net äusseren.
Haut de Moien ass der Chamberkommissioun Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit een Echange de Vue mam Wopke Hoekstra virgesinn.