D‘EUDA warnt och virun de Risiken, well ëmmer méi variéiert psychoaktiv Substanzen ëmmer méi disponibel sinn. D‘Drogemarchéeë géifen sech immens séier entwéckelen an et wier ëmmer méi schwéier nozevollzéien, wat fir Substanzen zirkuléieren. Dat mam Risiko, datt vill Konsumente ganz staark Drogen huelen, ouni sech dees bewosst ze sinn. Dobäi kënnt nach, datt Konsumente verschidden Drogen kombinéieren, ouni d‘Risiken ze kennen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Drogen
|7.600 Leit sinn 2024 an der EU un enger Iwwerdosis gestuerwen
Déi europäesch Drogenagence EUDA schléit an hirem neie Rapport Alarm. 2024 wieren an der EU nämlech op d‘mannst 7.600 Mënschen un enger Iwwerdosis gestuerwen.
Symbolfoto (Foto: Bigstock)