An engem Bréif un d'Presidentin vum Europäesche Parlament, d'Roberta Metsola, deen d'Tilly Metz zesumme mam spuenesche Sozialist Nicolas Gonzalez geschriwwen huet, fuerdert déi gréng Europadeputéiert, datt d'Renconteren tëschent den EU-Deputéierten an der Tubaksindustrie sech just nach op technesch Informatiounen an d'Implementéierung vun neie Gesetzer soll reduzéieren.
D'Tubaksindustrie wier vergläichsweis enorm dacks a Kontakt mat Deputéierten, esou d'Tilly Metz.
"257 Renconteren tëschent 2023 an 2025. Wann een elo mat engem Secteur wéi d'Defense vergläicht, da si mir haut bei 197 Renconteren."
Fir déi Entrevuen ze reduzéieren, bezitt déi gréng Europadeputéiert sech op een internationaalt Ofkommes, dat vun der Weltgesondheetsorganisatioun OMS ass. D'EU huet dat Ofkommes 2005 scho ratifizéiert.
"Do steet ganz kloer dran, datt ee soll d'Kontakter mat der Tubaksindustrie op de Minimum reduzéieren."
Net just Zigarette si problematesch
D'Tilly Metz betount iwwerdeems, datt d'Tubaksindustrie mëttlerweil wesentlech méi Produiten ubitt wéi déi klassesch Zigaretten.
"Do ginn et vill Varianten, déi duergestallt ginn, wéi wa se méi gesond wieren. A genee dat ass eebe geféierlech."
Et géifen iwwerdeems Etüde ginn déi weisen, datt grad déi Produiten een Astig an d'Konsuméiere vun Nikotin kënne sinn, seet d'Tilly Metz.
"A Schweden hu se eng Etüd gemaach, datt bei 15 Joer ale Meedercher d'Konsuméiere vu Snusen a fënnef Joer vun 3 Prozent op 14 Prozent eropgaangen ass."
An dësen Zäite géif d'Logik vun der Kompetitivitéit a vun de kuerzfristege Beneficer dominéieren, esou d'Tilly Metz. Déi ëffentlech Gesondheet awer wier eppes, wat een op Laangzäit misst kucken.