Fir de Robertas Kaunas muss d’Hëllef un d’Ukrain weidergoen. Déi gréissten Erausfuerderung am Konflikt tëschent Russland an der Ukrain wieren d’Technologien ëm d’Dronen, sot de litaueschen Defenseminister.
Dronen tauche mëttlerweil och iwwer de baltesche Länner op
Litauen gëtt 5,38 Prozent vum PIB fir d’Defense aus. Dat si fir dëst Joer ronn 4,8 Milliarden Euro. Nieft der regulärer Arméi hätt ee virun allem an d’Dronekapazitéiten an an d’Militäraviatioun investéiert. 0,25 Prozent vum Bruttoinlandprodukt fléissen un d’Ukrain. Zënter dem Ufank vum russeschen Aggressiounskrich huet Litaue méi wéi eng Milliard fir d’Ukrain ausginn.
Elo wou d’Ukrain d’Méiglechkeet huet op russeschem Territoire Sitten ze viséieren, hätt d’Situatioun sech geännert, betount de litaueschen Defenseminister Robertas Kaunas.
"Dat ass e ganz wichtege Moment a mir ënnerstëtzen dës nei Phas vum Krich. Leider gesi mir elo datt Dronen, déi a Richtung Russland fléien, och an de baltesche Staaten opdauchen. Mir mussen eis elo mat Dronen-Intrusiounen a Litauen, Estland a Lettland auserneesetzen. Nach gëschter sinn NATO-Kampfjetten intervenéiert, fir eng Dron a Lettland ze identifizéieren an ze interceptéieren, a si hu se ofgeschoss. Dat ass déi nei Realitéit, mat där mir elo konfrontéiert sinn."
Accord am Satellitteberäich
De Robertas Kaunas konnt zu Lëtzebuerg d’Firma LUX-UAV besichen, déi Drone konzipéiert a produzéiert. Lëtzebuerg huet Litauen och Satellittenkommunikatiounskapazitéiten zur Verfügung gestallt. Doriwwer gouf et elo een neien Accord, wéi d’Defenseministesch Yuriko Backes annoncéiert huet.
"Wou mir och eng Lettre d'intention ënnerschriwwen hunn, fir och weider do ze schaffen. Dir wësst, datt mir de Govsat 1 hunn, deen awer elo voll ass mat senge Kapazitéiten. Govsat 2 ass duerch d'Chamber a gëtt elo gebaut. Dann hu mir de Luxeosys, wat d'Observatiounskapazitéite sinn. Alles dat si Saachen, déi si natierlech immens och interesséieren. Dat ass complementaire zu engem ganze Koup vun anere Kapazitéiten, déi si entweeder hunn oder déi si mat aneren Alliéierten zesummen och bedreiwen."
Lëtzebuerg huet aktuell 7 Zaldoten a Litauen, ënner däitschem Kommando, stationéiert.