Wéi et an engem Communiqué heescht, huet de Premier Luc Frieden dono déi concernéiert Ministeren an Instanzen zesummegeruff.
D‘Signalementer goufen et haaptsächlech an der Regioun Miedernach. Am Moment kéinten awer nach keng definitiv Conclusioune gezu ginn.
Dofir misste fir d‘éischt all d‘Informatiounen analyséiert ginn. Dofir géifen och auslännesch Experten dozou gezu ginn.