“Mir konnten et eis net huele loossen a proposéieren alternativ Proposen ze maachen” heescht et wuertwiertlech am Post.
Kritik ob Facebook
Kritik dorun kënnt ënnert anerem vum LSAP-Deputéierte Yves Cruchten, deen sech freet, ob dat d'Bild ass wat Lëtzebuerg wéilt vun sech an d’Welt droen. De Fred Keup vun der ADR schreift “Mir sinn net den 1. Abrëll” a schwätzt vu Militarismus. De Claude Haagen, och vun der LSAP, schreift hie géif hoffen, datt et sech heibäi em ee Fake-Account géif handelt.
Keen Fake-Account
De Presse Spriecher vum der Direction de la défense huet op Nofro hi confirméiert, datt et sech bei dësem Post net ëm ee Fake handelt. Weider Detailer wollt hien awer net nennen.