arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg bedeelegt sech weider u militärescher Ausbildung vun ukrainescher Arméi

Verteidegung

|
reading time

1 min

Lëtzebuerg bedeelegt sech weider u militärescher Ausbildung vun ukrainescher Arméi

D'Mandat vun der gemeinsamer militärescher Ausbildungsmissioun vun der EU fir déi ukrainesch Arméi gëtt ëm zwee Joer verlängert, confirméiert d'Defenseministesch Yuriko Backes.

reading time

1 min

D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
D'Defenseministesch Yuriko Backes bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Chef Mark Rutte dem 2. September (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Déi aussepolitesch Chamberkommissioun an d'Defensekommissioun hate gëschter gréng Luucht fir d'Verlängerung ginn. Am Kader vun der European Union Military Assistance Missioun Ukrain (EUMAM) schéckt de Grand-Duché bis zu 10 Lëtzebuerger Zaldoten an Däitschland, wou si Formatioune fir déi ukrainesch Arméi ubidden. Dat ënner anerem am Cyberberäich. 

D'Käschte fir d'Verlängerung fir d'Joren 2027 an 2028 leien der Yuriko Backes no bei knapp 1 Millioun Euro a sinn am Staatsbudget virgesinn.