Déi Gréng haten dozou eng urgent Question parlementaire gestallt. An hirer Äntwert schreift d‘Ministesch, datt d‘Konventioun, déi d‘Changementer am Budget accordéiert, nach net ënnerschriwwe war. Dat wier awer an Tëschenzäit geschitt, esou datt d‘Indemnitéiten alleguerte mateneen d‘nächst Woch géifen un déi betraffen Dokteren ausbezuelt ginn.
De Budget, deen de Staat fir d‘Frais de garde vun den Dokteren an de Spideeler reegelt, gouf op 61,7 Milliounen Euro fir dëst Joer fixéiert.