arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ AMMD wëllt sech net fir "domm an naiv" verkafe loossen

Gesondheetspolitik

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

AMMD wëllt sech net fir "domm an naiv" verkafe loossen

Eigentlech sinn d'CNS an d'Dokteschassociatioun AMMD sech eens iwwer eng nei Konventioun. Mee d'Doktere wëlle méi a signéieren den Text net. En Drockmëttel? A wa jo, wie wëllt d'AMMD ënner Drock setzen?

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
De Chris Roller | © Jo Diseviscourt
De Chris Roller (Foto: Jo Diseviscourt)

Et kléngt u sech wéi eng gutt Nouvelle: Et gëtt eng nei Konventioun tëschent der AMMD an der CNS, déi – vereinfacht gesot – d’Rechter an d’Flichte vun den Doktere vis à vis vun der Krankekeess reegelt. Se soll d’Konventioun ersetzen, déi d’AMMD am Hierscht gekënnegt hat.

D’AMMD wëllt dës nei verhandelt Konventioun awer net ënnerschreiwen, obwuel se se mat verhandelt huet.

De legale Kader "ka leider net gekënnegt" ginn

Fir dat ze erklären, weist den AMMD-President Chris Roller am 100,7-Interview nach emol op déi Grënn hin, déi zur Kënnegung vun der ursprünglecher Konventioun geféiert haten. D’Dokteschassociatioun wollt verschidde Saache verbesseren, ënner anerem d’Versuergung vun de Patienten am Ambulatoire, oder och nach d’Revalorisatioun vun den Tariffer.

De Problem ass awer de legale Kader, deen net geännert gëtt, an deen d’Ännerungen, déi un der Konventioun gemaach kënne ginn, staark aschränken.

“Mir hu vun Ufank u gesot, mir kënnen déi nei Konventioun just esou redigéieren, wéi mir se brauchen, wann de legale Kader dat hiergëtt. An dat ass justement de Problem, dee mir hunn, a mir hunn et vun Ufank der CNS an der Ministesch Deprez gesot.”

D’Resultat ass elo, datt den Text vun der neier Konventioun deem vun der aler staark änelt.

"Gesondheet vun haut mécht een net esou"

Et wier dofir net fair vun der CNS just ze soen, d’AMMD wéilt net ënnerschreiwen, betount de Chris Roller.

“D’CNS hätt solle soen, de legale Kader schränkt an a si wéissten, datt d’AMMD dofir net ënnerschreiwe kéint.”

Elo wiere Klengegkeeten adaptéiert ginn. Déi grouss Sujeten, wéi beispillsweis d’Revalorisatioun vun den Tariffer, stinn am Code de la sécurité sociale, also dem Gesetz, an d’Gesetz “kann een net kënnegen”, seet de Chris Roller.

E weidere Kritikpunkt un där aler – an och neier – Konventioun ass den "utile et nécessaire". D’Doktere kréie virgehäit, ze vill wëllen ze maachen. Mee dat kéint d’CNS guer net jugéieren, seet de Chris Roller, well si just blann op Zuele kuckt, net awer wéi een “haut Gesondheet mécht”.

“Wat sinn déi aktuell Recommandatiounen an de verschiddene Spezialisatiounen? Do sinn et vill Changementer an de leschte Jore ginn. Méi Ënnersichunge gi proposéiert an elo gëtt ee bestrooft dofir.”

Enttäuscht vun der CSV an hirer Gesondheetspolitik

Benotzt d’AMMD d’Situatioun als Drockmëttel? De Chris Roller justifiéiert d’Virgoe vun der AMMD, ëmmerhin hätt d’CSV mat genee deenen Theeme Walkampf gemaach. Bis elo wier awer nach näischt geschitt, esou de President vun der Dokteschassociatioun.

“De Gesondheetssystem gëtt net méi modern a reaktiv. Wa mir keen Drock maachen, passéiert näischt. Déi Impressioun hu mir haut.”

Wann et haart op haart kënnt, misst d’Gesondheetsministesch Martine Deprez e Règlement grand-ducal opzwéngen. Dee kéint sech un der aler Konventioun orientéieren. Fir d’Patiente géing sech näischt änneren, ënnersträicht de Chris Roller.

Fir hien dréit ee sech am Krees. D’CNS weist op d’Politik, d’Politik verweist op de legale Kader. Och déi verschidden Aarbechtsgruppe géingen dofir net wierklech eppes bréngen, seet de Chris Roller, dee mengt, d'AMMD géing fir "naiv an domm" verkaf ginn.

“D’Regierung ass elo 2,5 Joer un der Muecht, näischt ass geschitt. Mir hunn dru gegleeft am Ufank, wou se ugetrueden ass, an et steet am Koalitiounsaccord.”

Chris Roller ka Positioun vun de Gewerkschaften net novollzéien

Fir en Dënschdegmoien hunn d’Gewerkschaften op eng Pressekonferenz mam Titel. “Démantèlement de notre système de santé : les assurés pris en otage par le déconventionnement” agelueden.

De Chris Roller widderhëlt, datt sech fir d’Assuréen näischt ännert. D’CNS géing och net ophalen, d’Assuréen ze rembourséieren.

“D’Gewerkschafte setzen am Conseil vun der CNS, maachen Drock a versichen den Assuréen ze erklären, datt d’AMMD si an Otage hëlt, amplaz matzegoe fir ze moderniséieren. Gewerkschaften a Politik wëllen déi beschte Medezin a kee soll dofir bezuelen, ausser d’Dokteren.”

De Chris Roller beschreift dës Pressekonferenz deemno als "inadmissible".

Éierlech mat den Assuréë sinn

Zënter e puer Méint waart d’AMMD och op e Rendez-vous beim Premier Luc Frieden. Dee gouf hinne fir Fréijoer an Aussiicht gesat. Bis dato hätt een awer nach kee Rendez-vous kritt, bedauert de Chris Roller. Dat wier enttäuschend.

“Mir erwaarden eis, datt de Premier seet, voilà, mir wëllen de Koalitiounsaccord net ëmsetzen. Da wësse mir, wou mir dru sinn. Da muss en éierlecht Wuert geschwat ginn. Oder hien nennt d’Grënn, firwat et net gemaach gëtt.”

Elo steet nach d’Fréijoersquadripartite um Programm, wou et ëm de Finanzement vum Gesondheetssystem geet. Dëst wier allerdéngs eng "Veranstaltung", bei där all d’Decisioune schonn am Virfeld getraff gi wieren, seet de Chris Roller. Dat tëschent CNS a Ministère.

Fakt wier fir hien: D’Gesondheet gëtt méi deier. Net, well d’Doktere méi Sue wéilten, mee wéinst den Traitementer an den neien Ënnersichungen. An et misst een éierlech mat den Assuréë sinn a soen: Et gëtt méi deier.

Communiqué vun der AMMD

Am Laf vum Dënschdegmoien huet d’AMMD iwwerdeems ee Communiqué geschéckt, deen och gëschter un hir Membere gaang ass. An deem gëtt erkläert, datt d’Dokteschvereenegung sech kengem Dialog wéilt verschléissen, mee datt hei ganz einfach eng Rëtsch wichteg Revendicatiounen net géife berücksichtegt ginn. An datt d’AMMD d’Konventioun an nächster Zäit net géif ënnerschreiwen.

play_arrow Lauschteren