D’Defense hätt nach net iwwer déi nächst Schrëtt decidéiert. Juristesch kéint een um Wee vum Recours administrativ den Arrêté ministerielle vun der Suspendéierung fir 21 Méint ufechten oder, esou de François Prum, am Gespréich mam Ministère bleiwen.
Et bréicht awer méi Zäit fir ze beweisen, datt d’Expertis falsch wier. Fakt wier, datt den Orthoped Philippe Wilmes net mam Resultat vun der Expertis averstane wier.
Haaptkritikpunkt: Dr. Wilmes konnt sech net erklären
Den Expert, dee vun der Defense genannt gouf, hätt "nëmmen eng ganz eklipséiert Roll gespillt", esou den Affekot.
Virun allem kritiséiert de François Prum, datt den Dr. Wilmes sech net bei den Experten hätt kéinte verteidegen a säi Point de Vue zu den zéng Patientendossieren hätt kéinten argumentéieren. Iwwerdeems hätten d’Experte sech haaptsächlech op d’IRMe bezunn an net op déi klinesch Ënnersichunge vum Dr. Wilmes.
Eng Argumentatioun dozou géif et am Rapport net ginn, esou de François Prum. D’IRMe géifen och ënnerschiddlech interpretéiert ginn.
"A si gesinn dann eeben op deene Biller net, datt ee Kräizband soll entaméiert sinn. An den Dr. Wilmes an aner Spezialiste gesinn dat awer.
Als Jurist géif hie sech Froe stellen.
"Gëtt et da wierklech zwou Medezinnen? Oder ass et esou, datt déi Experten, déi mir haten an deem Dossier, datt déi sech exklusiv intresséieren nëmmen un engem Kräizband ze schaffen, wann et total rupturéiert ass. Mee jiddefalls, schénge si sech guer net dofir ze intresséieren, datt ee Kräizband eng Rupture partiell kann hunn, respektiv entaméiert ass oder datt et iwwerdeent ass an esou weider. All dat ass net berücksichtegt ginn."
Parallel leeft d’Instruktioun beim Collège médical. Do huet den Dr. Wilmes Ufank Abrëll eng schrëftlech Prise de position zu 27 Dossieren eraginn. Ee konkreten Datum fir eng Unhéierung géif et nach net ginn, esou nach de Me Prum.