Well all ambulant Struktur ee Lien mat engem Spidol muss hunn, freet de President vun der AMMD Chris Roller sech, wéi eng Pouvoiren d’Spideeler dobäi kréien. Hie bedauert iwwerdeems, datt de Ministère d’Spidolsgesetz modifizéiere wëllt, amplaz datt eng sonner Loi ambulatoire géif geschafe ginn.
Dat hat och schonn d’DP-Deputéiert Carole Hartmann an der zoustänneger Chamberkommissioun esou argumentéiert. Domat géif nämlech dem Dokter amplaz dem Spidol méi Matsproocherecht zoukommen, esou de Chris Roller.
Wann dës Initiativ vun der Regierung éischter komm wier, dann hätte wuel verschidde Konfrontatioune mat der Dokteschvereengung kënnen evitéiert ginn, esou nach de Chris Roller. Mëtt der Woch hat d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez en neie Gesetzesprojet virgestallt, deen de Kader setzt fir ambulant Strukturen opzemaachen an de Gesetzesprojet zu den Dokteschgesellschafte soll ergänzen.
AMMD kritt déi gefuerdert Reunioun mam Premier
Iwwerdeems hätt een dës Woch zesumme mam Gesondheetsministère eng Feuille de route ausgeschafft, an där op der AMMD hir Doleancë géif agaange ginn. Allerdéngs géif et u konkreeten Zougeständnesser an enger Timeline feelen.
Den Ament wier d’AMMD also nach net um Punkt fir déi nei Conventioun mat der CNS ze ënnerschreiwen. Et géif awer elo ee festen Datum fir eng Reunioun mam Premier Luc Frieden stoen, esou wéi d’AMMD dat schonn zënter Ufank dës Joers fuerdert.