Um Virowend vum 26. Abrëll 1986 schalte Mataarbechter vum Atomkraaftwierk Tschernobyl, an der deemoleger UdSSR, fir e Sécherheetstest de Noutprogramm vum Block 4 aus.
De Fall vun engem Stroumausfall sollt getest ginn. Mee eng ganz Partie Saache lafe schif. Den zoustännege Chef-Ingenieur drängt awer drop d’Experiment weider ze féieren. Duerch e Konstruktiounsfeeler baut sech dunn och nach eng nuklear Kettereaktioun op, de Reakter kann net méi vollstänneg gekillt ginn, Waasserstoff explodéiert an domat och de Reakter. Et kënnt zur Kernschmelze.
Éischt Noriichten am Weste: Dräi Deeg no der Katastroph
En Extrait aus dem ARD-Archiv vun der Tagesschau vum 29. Abrëll 1986.
"Guten Abend, meine Damen und Herren! In dem sowjetischen Kernkraftwerk Tschernobyl ist es offenbar zu dem gefürchteten Gau gekommen, dem grössten anzunehmenden Unfall. Auch drei Tage nach dem Ausbruch ist der Nuklearbrand noch immer nicht unter Kontrolle. Die sowjetische Nachrichtenagentur TASS meldete, zwei Menschen seien ums Leben gekommen. In der Nähe der Anlage würden die Bewohner evakuiert."
Europäesch Noriichtesender melle réischt dräi Deeg no der Atom-Katastroph, datt et zu Tschernobyl zu engem SuperGau komm ass. Dat well d’Sowjetunioun de Virfall a senger Gravitéit vertusche wollt.
Dramatesch Konsequenze fir Mënsch a Natur
Réischt op Drock vun e puer skandinavesche Länner, déi bei sech erhéichte Stralewäert moossen, lenkt Moskau an. Dir héiert een Extrait vun eiser Antenn aus dem Joer 2011 mam André Duebbers.
"An de Méint duerno ginn tëscht 600.000 an ee 1,2 Millioune Leit agesat, fir d'Kraaftwierk ze dekontaminéieren an de Sarkophag ze bauen. Wéi vill Leit duerch d'Radiatioun um d'Liewe komm sinn a schwéier soen, well nëmme wéineg sougenannt Liquidateuren opgrond vun der direkter Radiatioun gestuerwe sinn. Déi meescht Leit si vill méi spéit un de Laangzäitsymptomer gestuerwen. Duerch Kriibs, de sougenannten Tschernobyl-Aids oder Leit, déi sech wéinst Depressiounen selwer ëmbruecht hunn."
Onzieleg Mënschen déi un den Opraumaarbechte bedeelegt ware bezuelen dofir mat hirem Liewen.
30 Kilometer ronderëm de Reakter gouf eng Spärzonen ariicht. D’Awunner aus den Dierfer ronderëm sinn evakuéiert ginn. Bis haut bléift Tschernobyl an seng Alentouren onbewunnbar.
Wäissrussland am schlëmmste betraff
Ma net just ronderëm d’Atomkraaftwierk ass de Buedem verseucht. Méi wéi 70 Prozent vum Ree sinn deemools iwwert Wäissrussland néier gaangen. Bis haut ass dës Regioun am stäerkste vun de Konsequenze vun der radioaktiver Stralung betraff
Op der esou genannter INES-Skala sinn d'Atom-Katastrophe vun Tschernobyl a Fukushima béid op Stuf 7 skaléiert. Woubäi Fukushima éischter Konsequenze fir d’Ëmwelt hat an huet, an Tschernobyl méi fir de Mënsch.