arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debatt rondrëm Europäesch Etüd: Wéi sécher ass et, an e Lëtzebuerger Apel ze bäissen?

National

|
headphones

2 min

Debatt rondrëm Europäesch Etüd: Wéi sécher ass et, an e Lëtzebuerger Apel ze bäissen?

D‘lescht Woch hat de Mouvement écologique wéinst enger Etüd vum Kollektiv PAN Europe eng Diskussioun doriwwer lassgetrëppelt, wéi secher déi Lëtzebuerg Äppel sinn. Der Europäescher Etüd no wier e Lëtzebuerger Apel duerchschnëttlech mat siwe Pestizide belaascht.

headphones

2 min

© EPA/FRANCK ROBICHON
(Foto: EPA/FRANCK ROBICHON)

D'Contaminatioun duerch sougenannt Pestizid-Cocktaile wier bei de Lëtzebueger Äppel iwwer der europäescher Moyenne, ass aus der Etüd ervirgaangen, déi de Mouvement écologique d'lescht Woch presentéiert hat. 

De Landwirtschaftsministère hat nach e Freideg reagéiert a betount, datt sech un d‘Grenzwäerter zu Réckstänn vu Planzeschutzmëttel géif gehale ginn. An och den Nico Hoffmann vum Pretemer Haff, deen Äppel betount, et géife reegelméisseg Kontrolle gemaach ginn. 

"Do ass ëmmer alles an der Rei gewiescht a mir mussen eis un e Cahier de Charges halen an do hale mir eis och drun." 

De Bauer kritiséiert d'Unzuel un Äppel, déi an der Etüd vu PAN Europe analyséiert goufen. Et waren der dräi. Dat wier keng Referenz, esou den Nico Hoffmann. 

Reegelméisseg Kontrolle géife keng Problemer feststellen 

Och de Landwirtschaftsministère hat an engem Communiqué vun onnéideger Veronsécherung geschwat. Äppel aus Lëtzebuerg wiere fir Kanner an Erwuessener secher. 

Den Nico Hoffmann bedreift op sengem Haff selwer eng sougenannt Culture raisonnée, also integréierten Uebstbau. 

"Mir fueren d'Nutzlingsfeld an do brauche mer dräi, véier Joer fir Nutzlingen unzebauen. Dat heescht, do hu mer Raubmilben, déi déi schlicht Milbe friessen. Oder vläicht méi einfach fir de Konsument d'Himmelsdéierchen, wat d'Lais frësst." 

Pestizide gehéiere wuel zum Normal 

Op Pestizide verzicht de Bauer awer net. 

"Et gëtt keen Ubau, wou keng Pestiziden agesat gëtt. Ob dat elo de Bio-Ubau ass oder konventionell oder raisonné, dat gëtt et net." 

Wéi eng Substanze beim Planzeschutz agesat ginn, hänkt natierlech dovun of, géint wat een d'Planz muss schützen. 

"Mir hunn hei zu Reckeng Sensoren, fir ze kucke mat de Schädlingen. Da gëtt duerno gefuer, gëtt ëmmer nëmmen de Minimum agesat, ginn déi Produkter geholl, déi hei zougelooss sinn." 

An der Reegel géifen am integréierten Uebstbau eng 12 bis 15 mol d'Joer Pestizide gesprëtzt ginn, esou den Nico Hoffmann. Domat léich een um noddregste Seuil: am konventionellen Ubau géifen eng fënnef Kéiere méi gesprëtzt ginn, am Biobau wier et duebel esou vill. Do ginn awer natierlech Elementer agesat, wéi Schwiefel oder Koffer.