Dat kléngt no vill – an ass awer just d’Spëtzt vum Äisbierg. Well, eleng nëmme fir eng Zännbiischt vun 30 Gramm ze produzéieren, déi no e puer Wochen nees an der Poubelle lant, fale wärend der Produktioun bal 1,5 Kilo u verstopptem Offall un.
"Famille presque zéro Déchet"
Vun 390 Kilo d’Joer huet déi véierkäppeg Famill aus Frankräich hiren Offall bannent dräi Joer op just nach ee Kilo pro Joer reduzéiert. Wéi? Dat deelt de Jérémie Pichon zënter 10 Joer mat der Ëffentlechkeet. D’lescht Woch war hie fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg.
D'Paule Rodesch huet den Auteur vum Buch “Famille presque zéro Déchet” gefrot, wou een dann am Beschte sollt ufänken.