arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ PV-Anlage komme gutt un - Beim Hëtzen doheem gëtt et nach Loft no uewen

Klimaagence

|
reading time

2 min

PV-Anlage komme gutt un - Beim Hëtzen doheem gëtt et nach Loft no uewen

An de leschten dräi Joer sinn hei am Land méi wéi 80.000 nei PV-Anlagen un de Reseau gaangen. Photovoltaik-Anlage komme bei der Transitioun op méi ëmweltfrëndlech Energien zu Lëtzebuerg deemno besonnesch gutt un. Dee Constat huet d’Klimaagence an hirem Joresrapport gemaach.

reading time

2 min

Pressekonferenz | © Klima-Agence
Pressekonferenz (Foto: Klima-Agence)

Den Direkter vun der Klimaagence, de Fenn Faber, huet iwwerdeems ervirgehuewen, datt de Wee op erneierbar Energien net nëmmen der Ëmwelt ze gutt kënnt, mee och dem Portmonnie.

"Et geet ganz kloer drëm, datt d'Energietransitioun och hëlleft dauerhaft Käschten ze maîtriséieren. D'Käschten, déi ech hunn, fir d'Energie ze reduzéieren, och e stéckwäit méi Kontroll respektiv Eegestännegkeet ze kréien, fir Energiekäschten."

Manner Ofhängegkeet par Rapport zu fossillen Energieträger

Domat kéint een och eng méi grouss Onofhängegkeet vun den Energieträger kréien. 

"Dir wësst, datt mer ganz staark ofhängeg si vu fossil Energieträger, déi aus dem Ausland an deem Sënn kommen. Dat mierkt ee grad an der aktueller Situatioun."

Gréissert Potenziel beim Ëmklammen op erneierbar Energië gëtt et virun allem am Beräich vum Hëtzen doheem. 

Déi bescht Alternativ ass do mëttlerweil d'Wärmepompel, wéi de Fenn Faber erkläert. Besonnesch wann een op déi klammend Energiepräisser am Kader vum Krich am Noen Oste kuckt. Vill Leit géife sech d'Fro stellen, wéi ee vum Mazout kéint fortkommen. 

"Déi gutt Noriicht do ass, datt d'Wärmepompele fir ganz vill Fäll och kënnen agesat ginn. Net just am Neibau, wou mer kënne soen, datt dat zu Lëtzebuerg de facto de Standard ass, mee och am Bestand."

Neien Outil fir eege PV-Anlag

En anere groussen Aspekt um Wee vun der Energietransitioun ass d’Renovéierung. Och do kéint een duerch méi ëmweltfrëndlech Energiequellen net nëmmen eppes Guddes fir d’Ëmwelt maachen, mee niewebäi och nach Sue spueren.

"Wann ech wierklech do alles maachen, wat ech ka bei mengem Objet maachen, da kann ech wierklech bis zu 70 Prozent an nach méi aspueren un Energie, déi ech net muss ofdecken." 

Iwwerdeems géife Banken och ëmmer méi op d’Energieklass bei Immobilie kucken, wat de Wäert dovu steigere kéint, wann ee méi op erneierbar geet. Déi elektresch Mobilitéit ass och en Aspekt vun der Energietransitioun.

Déi gëtt der Klimaagence no och ëmmer méi kompetitiv an ass virun allem am Zesummespill mat enger Photovoltaik-Anlag favorabel. 

Iwwerdeems huet d’Klimaagence en neien Outil virgestallt, mat deem ee ka kucken, wéi eng Zort vu PV-Anlag fir ee selwer Sënn mécht oder wéi een eng bestoend PV-Anlag optiméiere kann, beispillsweis andeem een nach eng Batterie installéiert. De Solarsimulator ass vun haut un ënner solar.klima-agence.lu opruffbar.