Déi goufe bei engem Appel à projet vum Energieministère zeréckbehal a wäerte beispillsweis a bestëmmte Beräicher duerch Äerdgas bedriwwe Produktiounsvirgäng duerch elektrescher ersetzen.
Doduerch solle bannent deenen nächsten zéng Joer 271.000 Tonnen Zäregasemissiounen agespuert ginn.
102 Milliounen Euro fir manner Ofhängegkeet vu fossillen Energien
Fir d’Entreprisen dobäi ze ënnerstëtzen wäert de Staat insgesamt 102 Milliounen Euro u Subsiden ausginn. Den Appel à projet wier wichteg gewiescht, fir engersäits de Kampf géint de Klimawandel ze stäerken, mee awer och déi Lëtzebuerger Industrie manner ofhängeg vu fossillen Energien ze maachen, esou den Energieminister Lex Delles.
De Krich am Noen Oste géif nees kloer weisen, wéi vulnerabel an ofhängeg ee vun externen Decisiounen wier, déi dann d’Energiepräisser beaflossen, sot nach de Lex Delles.
“Keng Turbulenzen um Marché”
Fir den DP-Energieminister Lex Delles ginn et direkt zwee Facteure firwat een e Reduzéiere vu fossillen Energië bannent der Industrie ënnerstëtze misst.
“Op där enger Säit ënnerstëtze mir, well mir CO2 -Reduktioune wëllen a mussen hunn. Eis Klimaziler sinn eise Kompass als Regierung an deem heite Kader. Op där anerer Säit awer Dekarboniséierung, déi mir brauche fir och méi resilient ze sinn a manner ofhängeg ze si vun de fossillen Energien. D'Ofhängegkeet gesi mir am Moment. Et ass net eng Decisioun, déi zu Lëtzebuerg geholl ginn ass, déi d'Turbulenzen um Marché mécht.”
Domat spillt de Lex Delles op den aktuelle Krich am Noen Osten un.
Bannent deenen 10 Joer wou déi Projeten en Place sinn, sollen 271.000 Tonnen Zäregasemissiounen agespuert ginn. De Staat subventionéiert dat Ganzt mat 102 Milliounen Euro. An deene nächsten dräi Joer mussen d’Projeten ëmgesat ginn, soss gëtt de Subside gekierzt.
Wéi gesinn déi Projeten aus?
De Lex Delles huet um Beispill vun ArcelorMittal erkläert, wéi esou ee Projet kéint ausgesinn. Um Site zu Biissen, gëtt zum Beispill een Deel vun der Produktioun esou ersat, datt dee Schrëtt nëmmen nach mat Stroum funktionéiert.”
“Bei ArcelorMittal - wou se Drot produzéiere – dee muss galvaniséiert ginn, also e géint Korrosioun schützen. D'Entreprise plangt hei hir aktuell mat Äerdgasbedriwwe Galvaniséierungswierk duerch eng Installatioun ze setzen, déi ausschliisslech mat Stroum fonctionéiert.”
Och ArcelorMittal an Tarkett GDL wäerten duerch Äerdgas gefërdert Produktiounsvirgäng mat elektreschen ersetzen, esou nach de Lex Delles.