arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Decisioun, ob SAMU-Besetzung ännere soll: Vott iwwer nei Richtlinne verréckelt

CGDIS

|
reading time

1 min

Keng Decisioun, ob SAMU-Besetzung ännere soll: Vott iwwer nei Richtlinne verréckelt

De Vott iwwer nei Richtlinnen, wéi eng Spezialisatiounen um SAMU dierfe fueren, gouf haut am Verwaltungsrot vum CGDIS op en neits verréckelt. Dat nodeems de Cercle vun den Dokter Anesthesisten selwer een Affekot chargéiert haten,

reading time

1 min

Deen Affekot huet an engem Avis op méiglech legal Contrainten opmierksam gemaach, wann déi aktuell SAMU-Besetzung géif geännert ginn.

Am Moment fueren een Dokter-Anästhesist an een Infirmier-Anästhesist zesummen um SAMU. D’Anästhesist kritiséieren, datt an Zukunft och solle kënnen Urgentisten um Noutdéngscht fueren.

100,7-Informatiounen no wëllt de CGDIS elo och een Avis juridique anhuelen, fir de legale Kader ze iwwerpréiwen. An engem Communiqué huet de CGDIS de Mëtteg matgedeelt, datt een de Vott reportéiert hätt an sech elo méi Zäit wéilt huele fir den Detail nach emol ze analyséieren.