arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussioun ronderëm d'SAMU-Besetzung: Anästhesisten erhéijen Drock mat Bréif

National

|
reading time

2 min

Diskussioun ronderëm d'SAMU-Besetzung: Anästhesisten erhéijen Drock mat Bréif

Am Virfeld vun engem weidere Verwaltungsrot vum CGDIS haut, an deem op en Neits iwwer d'Richtlinne vum SAMU soll debattéiert ginn, erhéijen d'Anästhesisten den Drock. Dat nodeems sech déi lescht Méint een Aarbechtsgrupp mat der Fro beschäftegt huet, wéi een d'Richtlinne sollt upassen. 

reading time

2 min

E SAMU-Auto | © CGDIS
E SAMU-Auto (Foto: CGDIS)

De Cercle vun den Dokter-Anästhesisten hunn een Affekot bäigezunn an dem CGDIS e Bréif zoukomme gelooss. An deem Bréif, deen eis virläit, ginn iwwer aacht Säiten déi legal a rechtlech Risiken ënnersicht. Den Text warnt explizitt virdrun, datt den Asaz vun net spezialiséiertem Personal um SAMU d’Patientesécherheet géif gefäerden a géint d’Gesetz géif verstoussen.

Dokter- an Infirmier-Anästhesiste vehement dogéint

Als Erënnerung - an der Diskussioun geet et dorëms, datt an Zukunft och Dokteren an Infirmieren, déi keng Spezialisatioun an der Anästhesie a Reanimatioun hunn, dorënner spezifesch Urgentisten, de SAMU solle kënne besetzen. Eng Mesür géint déi sech esouwuel Dokter-, wéi och d’Infirmier-Anästhesiste vehement wieren. D’Urgentisten argumentéieren dogéint a soen, si wiere genee esou kompetent an der Noutfallversuergung wéi en Anästhesist. 

Diskussioun ëm d'Kompetenze fir dierfe SAMU ze fueren 

De SAMU-Referentiel ass zënter Oktober d'lescht Joer an der Diskussioun. Dat well eng nei Versioun vun den Urgentistë proposéiert gi war, där no och Urgentisten dierfte SAMU fueren. D’Anästhesisten hate sech dogéint gewiert, mam Argument, datt Urgentisten net déi néideg Kompetenzen hätten.

De CGDIS hat wéinst der Polemik e Vott am Hierscht reportéiert an Avise vun de verschiddene Beruffsgruppe gefrot an een Aarbechtsgrupp geschafen.