Op der Pressekonferenz dobäi ware seng zwee Affekoten, eng Patientin an dräi aner orthopädesch Dokteren, dovun zwee aus dem Grupp HRS, wou hien déi lescht Joren operéiert huet bis hie vum Gesondheetsministère verbuede krut bis op Weideres ze operéieren. Haaptmessage vun der Pressekonferenz war, datt d’Expertise, déi am Optrag vum Gesondheetsministère realiséiert gouf, net valabel wier.
Fir déi Expertise, déi gesetzlech gereegelt ass, hat den Dr. Wilmes selwer kënnen een Expert nennen, de Ministère deen aneren, an déi zwee si sech op en Drëtten eens ginn. Déi dräi Experte koumen unanime zur Conclusioun, datt den Dr. Wilmes an zéng Fäll onjustifiéiert Kräizbandoperatioune gemaach hätt.