arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deputéiert aus der Santéskommissioun hu keen Zweifel un der Expertis

Affär Wilmes

|
reading time

2 min

Deputéiert aus der Santéskommissioun hu keen Zweifel un der Expertis

An der Affär Wilmes weise sech d’Deputéiert aus der Santéskommissioun zefridden iwwer d’Explikatiounen de Moien, esouwuel vun der Gesondheetsministesch wéi och vum Collège médical. Zweifel un der Konformitéit vun der Expertise gouf et no den Explikatioune vun der CSV-Ministesch Martine Deprez keng.

reading time

2 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Op Basis vun der Expertis gouf jo déi deelweis Suspendéierung vum Dr. Philippe Wilmes fir weider 21 Méint verlängert. 

Op dat verloossen, wat d'Experte soen

De fréieren LSAP-Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo huet no der Chamberkommissioun och - genee wéi d'Ministesch Martine Deprez - d'Konformitéit vun der Expertis betount. Et géif kee Grond ginn, um Rapport ze zweifelen. 

"Wa mir nämlech dorun zweifelen - an op eemol hei kënnt nach en nei Expert dobäi, wou ech mech froe wou en hier kënnt an da kënnt erëm do een dobäi - et muss ee kënne sech op dat verloossen, wat d'Experten erausfannen."

Elo wier et iwwerdeems um Parquet ze decidéieren, ob et och e penalen Aspekt an der Affär gëtt. Den Orthoped Philippe Wilmes kritt jo Operatiounen u gesonde Kräizbänner virgehäit.

Collège Médical dierf op Dossiere vu Patienten zeréckgräifen

Och déi gréng Deputéiert Djuna Bernard fënnt, datt d’Expertis misst esou unerkannt ginn. 

"Ech mengen, datt de betraffenen Dokter a seng Defense natierlech d'Recht hunn, fir dat unzezweiwelen. Ech ka mech net zum Text selwer prononcéieren, ech si weeder Dokter, nach hunn ech et gelies, mee mir hunn hei dräi Experten, déi genannt gi sinn, déi hei awer unanime enger Meenung ze si schéngen an dat mengen ech muss ee schonn als solches unerkennen."

Op hir Demande hin, war och de Collège médicale de moien an der Chamberkommissioun fir Froen ze beäntweren. Ënner anerem ass et dobäi ëm den Dateschutz gaangen. 

D’Me Lydie Lorang, d’Affekotin vum Collège médical huet dobäi erkläert, datt de Collège médical am Kader vun enger Instruktioun d'Recht hätt fir d'Donnéeë vu Patientinnen a Patienten ze benotzen - och ouni hiren Accord. Dat wier iwwerdeems esou mat der CNPD ofgekläert.

D’Suspensioune wéinst péril en démeure wieren Eenzelfäll. An deene leschte 17 Joer hätt et där just dräi Stéck ginn, esou d’Juristin vum Collège médical Valérie Besch.