Den Dr. Philippe Wilmes kritt onnéideg Operatiounen u gesonde Kräizbänner reprochéiert.
D'CSV-Gesondheetsministesch hat dem Orthoped den 20. Abrëll fir weider 21 Méint mat enger partieller Suspendéierung d'Recht oferkannt fir ze operéieren - op Basis vun engem Rapport vun dräi Experten, déi d'Operatiounen u gesonde Kräizbänner an zéng Fäll confirméiert haten.
Geriicht stellt keen definitive finanzielle Schued fest
D'Verwaltungsgeriicht kënnt zur Conclusioun, datt dem Dokter säi finanzielle Schued net op den Arrêté vun der Gesondheetsministesch vum 20. Abrëll zeréckzeféiere wier, mee op d'Kënnegung vu sengem Agrement an den Hôpitaux Robert Schuman. Den Dokter Wilmes hätt och net kënne beleeën, datt hie probéiert hätt an engem anere Spidol ënnerzekommen, heescht et am Urteel vum 30. Juni, dat eis virläit.
Weider stellt d'Geriicht fest, datt de finanzielle Schued vum Dokter net definitiv wier, well e kéint am Fall vun enger spéiderer Annulatioun vu senger Suspendéierung Schuedenersatz verlaangen. Wat säin Imageschued duerch d'Mediatiséierung vun der Affär Wilmes betrëfft, esou wier déi net eréischt nom Arrêté ministériel vum 20. Abrëll geschitt, mee scho virdrun.
Schued duerch Mediatiséierung wier och net definitiv
Et wier och net d'Ministesch, déi den Numm vum Philippe Wilmes ëffentlech gemaach huet, mee d'Press, an och an deem Fall wier de Schued net definitiv, well e kéint och spéider Schuedenersatz froe vun deenen, déi fir d'Mediatiséierung responsabel sinn. Et war de Radio 100,7, deen den Numm ëffentlech gemaach huet, mat der Argumentatioun, datt de Philippe Wilmes eng personne publique wier.
Den Dokter, dee fir d'DP am Leidelenger Gemengerot sëtzt an deen déi lescht Jore probéiert huet d'Gesondheetspolitik ze beaflossen, hat och schonn e Référé géint seng éischt partiell Suspendéierung vun dräi Méint verluer.
D'Suspendéierung bleift domat a Kraaft bis d'Verwaltungsgeriicht d'Affär méi spéit um Fong traitéiert. En Datum dofir gëtt et nach net.
Affekote vum Dokter bedaueren d'Urteel
D'Affekote vum Philippe Wilmes stellen d'Apprecitioune vum Verwaltungsgeriicht net a Fro, och wann een et bedauert, heescht et an enger schrëftlecher Reaktioun vun der Defense. Dat hei Urteel am Référé géif näischt aussoen iwwer den Ausgank vun der Affär, déi nach um Fong virum Verwaltungsgeriicht plädéiert gëtt, präziséieren d'Affekote vum Chirurg.
Den Dr. Philippe Wilmes géif nach eng Kéier affirméieren, datt hien ni chirurgesch Interventiounen ouni medezinesch Indikatioun gemaach hätt.