arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Kongress am Süden: CSV verdeedegt Prozedur an der Affär Wilmes

Zu Déifferdeng

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

CSV-Kongress am Süden: CSV verdeedegt Prozedur an der Affär Wilmes

D'CSV hätt keen einfacht Joer hanneru sech, mee wann een zesumme stéing, da kéint ee virukommen: Dat sot den CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach um Méindegowend um Kongress vum Südbezierk vun de Chrëschtlech-Sozialen zu Déifferdeng.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
CSV-Kongress Süden | © Eric Ewald
CSV-Kongress Süden (Foto: Eric Ewald)

Den Deputéierten huet a senger Ried virun allem d’Aarbecht vun den CSV-Südministere Gilles Roth a Martine Deprez ervirgehuewen. Zu der Affär ronderëm de suspendéierten Dokter Philippe Wilmes sot den Alex Donnersbach, datt et wichteg wier ëmmer bei de Fakten ze bleiwen.

“Et geet, trotz all de Kriticken, déi elo vun der concernéierter Persoun kommen, ëm eng gesetzlech Prozedur. De Ministère huet hei keng Prozedur declenchéiert. Et ass den Avis vum Collège médical, deen déi Prozedur declenchéiert huet. An et ass eng Prozedur, déi net ongewéinlech ass. An de leschten zwee Joer goufen et sechs där Fäll."

Françoise Kemp nei CSV-Bezierkspresidentin am Süden

Zënter datt et déi Prozedur géif ginn, hätten et 26 esou Fäll ginn, esou nach den Alex Donnersbach. 

“Dat ass keng Ausnam. Dat ass eng etabléiert Praxis. An e Rechtsstat, dee fonctionéiert och net no Lautstäerkt, mee no Reegelen!”

D’Françoise Kemp (Co-Generalsekretärin nieft dem Alex Donnersbach) gouf iwwerdeems mat 97,3 Prozent vun de Stëmmen zur neier Presidentin vum CSV-Bezierk Süde gewielt.

Bis den Nationalkongress vun de Chrëschtlech-Sozialen, den 21. Mäerz zu Ettelbréck, bleift d’Deputéiert nach um Generalsekretärsposten.

play_arrow Lauschteren