arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Wilmes: Gesondheetsministesch gëtt Experterapport un de Parquet weider

Affär Wilmes

|
reading time

3 min

Affär Wilmes: Gesondheetsministesch gëtt Experterapport un de Parquet weider

An Zesummenhang mat der provisorescher Suspendéierung vum Chirurg Philippe Wilmes huet d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez de Rapport vun den dräi franséischen Experte weider un de Parquet gereecht. Dat huet d'CSV-Ministesch an der Chamberkommissioun Santé ugekënnegt.

reading time

3 min

D'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez huet haut um Mëttwoch an der Chamber matgedeelt, datt si den Experterapport an der Affär Wilmes gëschter un de Parquet weidergereecht huet. Iwwerdeems huet si op d’Kriticke vun der Defense vum Dr. Philippe Wilmes reagéiert, deen Operatiounen u gesonde Kräizbänner virgehäit kritt. D’Ministesch huet de Moien och d’Konformitéit vun der Expertis an dësem Fall betount. 

Am Rapport vum Expertecomité wiere sech déi zwee Orthopeden an ee Radiologue unanime iwwer d’Resultat eens gewiescht, erkläert d’Ministesch no der Chamberkommissioun.

“De Rapport d'expertise ass kloer an zéng vun zéng Fäll soen déi dräi Experten, datt onnéideg Interventioune gemaach gi sinn. An opgrond vun deem Rapport hu mir elo d'suspension provisoire verlängert.”

Et géif weiderhin akut Gefor bestoen 

Iwwerdeems wier am Rapport vu medezinescher Mutilatioun rieds gewiescht an domat wier weiderhin de Péril en démeure, also déi akut Gefor,  argumentéiert, esou d’Martine Deprez, an domat och d’Verlängerung vun der partieller an temporärer Suspendéierung ëm 21 Méint. Dat ass, no deenen dräi Méint, déi schonn ëm sinn, de legale Maximum, deen de Ministère ka ginn. 

Den Affekot vum Dr. Wilmes hat d’Resultat vun der Expertis scho kritiséiert a gesot, datt d’Experte sech haaptsächlech op d’Biller vun den IRMe bezunn hätten an déi klinesch Facteuren net berücksichtegt hätten. Fir d’Gesondheetsministesch ass dës Kritik awer net valabel. 

“D'Experte si responsabel fir hir Methodologie, esouwäit ech am Bild sinn, war fir all Fall eng komplett Dokumentatioun do an et ass net eesäiteg analyséiert.”

Elo géif een den Dossier weider suivéieren an op d’Prozedure vun deenen aneren Instanze waarden, esou nach d’Ministesch. 

Weider huet de Gesondheetsministère decidéiert, den Deputéierten an der Chamberkommissioun de Rapport vun der Expertis zoukommen ze loosse fir deen an enger weiderer Sëtzung kënnen ze diskutéieren. Et wier awer wichteg, datt esou ee Rapport mat sensibelen Informatiounen net op der Place public géif diskutéiert ginn, esou nach d’Ministesch. 

Collège médical stoung och Ried an Äntwert

Och de Collège médical stoung haut  Ried an Äntwert an der Chamber wéinst der Affär Wilmes: Dat op Demande vun déi gréng. Hir Affekotin, d'Me Lydie Lorang huet erkläert, datt de Collège médical am Kader vun enger Instruktioun d'Recht huet fir d'Donnéeë vu Patientinnen a Patienten ze benotzen - och ouni hiren Accord.

Well wann de Conseil de discipline vum Collège médical saiséiert gëtt, da géif eng procedure judiciaire ufänken, esou d'Lydie Lorang. 

"Den Dateschutz: Do baséiere mir eis op den Artikel 6 an 9 vum Réglement vun der Protection des Données, den RGPD. An dee seet dateschutztechnesch kënne mir déi Daten traitéieren, esouguer ouni den Avis oder den Accord vum Patient. Dans la mesure, wou mir eng Mission d'interêt public remplisséieren. A wa mir hei als Collège médical déi eng Surveillance déolontologie iwwer d'Kompetenze vun den Dokter kënne maachen a kucken, ob déi am Interêt vun hiren Patienten handelen, net eng Mission d'intérêt public handelen, da wéisst ech net, wien nach eng mécht."

Esouwäit d'Affekotin vum Collège médical.

D'Me Lorang betount awer, datt nëmmen déi spezifesch Donnéeen an enger Instruktioun benotzt ginn, déi néideg wieren. Dat wier an der Affär Wilmes mat der CNPD ofgekläert.