arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng decisiv Woch an der Affär Wilmes: Wat ass alles geschitt?

Affär Wilmes

|
reading time

8 min

headphones

9 min

play_arrow

Eng decisiv Woch an der Affär Wilmes: Wat ass alles geschitt?

Et war eng decisiv Woch fir den Dr. Philippe Wilmes. D'Gesondheetsministesch huet seng Suspendéierung op Grond vun enger Expertis ëm 21 Méint verlängert, de legale Maximum. Den Orthoped, deen Operatiounen u gesonde Kräizbänner reprochéiert kritt, wëllt dofir de Mëtteg eng Pressekonferenz ginn.

reading time

8 min

headphones

9 min

play_arrow

Et wäert déi éischte Pressekonferenz an dëser Affär ginn. Dat fir sech selwer zu den Entwécklungen ze äusseren, esou steet et am Communiqué vum Dr. Wilmes. 

Et war keng gutt Woch fir den Orthoped. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) huet hir Decisioun Ufank der Woch geholl, op Basis vun enger Expertis, déi an de leschte Woche realiséiert gouf. Den Expertecomité besteet aus engem Dokter, dee vu Säite vum Dr. Wilmes genannt gouf (Dr. Jacques Hummer vun Nanzeg), ee gouf vum Direkter vun der Santé genannt (Elvire Servien vu Lyon) an op deen drëtten (Alain Blum vun Nanzeg) hu sech béid Experte gëeenegt. 

An der Expertis, déi eis virläit, goufen 10 Patientendossieren analyséiert a jeeweils op dräi Froe geäntwert.  

1.    Waren d'Kräizbänner virun der Operatioun intakt?

2.    Huet d'Operatioun zu enger Mutilatioun gefouert?

3.    A war d'Operatioun justifiéiert? 

Expertecomité: Kräizbänner ware virun OP gesond 

Den Expertecomité hat d'Biller vun den IRMen, dem Dr. Wilmes seng Analysen zu all Dossier (klinesch Ënnersichungen asw.), 11 Attestatiounen ënner Eed, déi vum Dr. Wilmes agereecht goufen (et steet allerdéngs net dobäi vu wiem) an ee Rapport vun engem New Yorker Dokter (Dr. Harry G Greditzer). Deen huet den Expertecomité awer net berücksichtegt. 

An deenen 10 Fäll ware sech déi dräi Dokteren unanime eens, datt d'Kräizbänner an den IRMe virun der Operatioun gesond waren, och wann den Dr. Wilmes verschidde klinesch Zeeche beschriwwen huet.

D’Experte schwätze vun enger medezinescher Mutilatioun a soen, datt d'Operatiounen net justifiéiert gewiescht wieren. 

Affekot kritiséiert Expertis

Dem Philippe Wilmes säin Affekot hat ufanks der Woch bei eis am Interview gesot, datt d'Ministesch op Grond vun där Expertis keng aner Decisioun hätt kéinten huelen. Seng Kritik viséiert also dës Kéier net méi d’Ministesch, mee de Me. Prum kritiséiert d'Expertis selwer.

D’Experten hätte sech nëmmen op d'IRM-Biller bezunn. Wann een de Rapport awer liest, geet doraus ervir, datt si och dem Dr. Wilmes seng Remarken zu den Ënnersichunge consideréiert hunn. 

Géint d'Expertis selwer kann d'Defense elo awer näischt méi maachen. D'Expertis steet an déi ass fix.

Wat juristesch méiglech ass, ass datt si Recours géint den Arreté ministeriel - also der Ministesch hir Decisioun fir d'Verlängerung vun der Suspendéierung - maachen. Dat hate si jo och scho bei där éischter Suspendéierung vun dräi Méint gemaach.

D’Urteel um Fong steet do nach aus, de Référé, also en éischt Schnellurteel souzesoen, huet den Dokter Wilmes verluer. Deemools hat d'Defense mat engem grousse finanzielle Schued an engem Reputatiounsschued argumentéiert. Dat hat d'Geriicht awer ofgeleent a gesot, den Dokter wier selwer duerch seng Mediecampagne fir de Reputatiounsschued verantwortlech. 

"Quant au préjudice réputationnel mis en avant par le demandeur, force est de constater qu’il ressort des développements de ce dernier que celui est dû à la médiatisation massive et incontrôlée dont il ferait l’objet et la stigmatisation qui en résulterait dans son chef. A cet égard, il convient d’abord de rappeler que la jurisprudence exige qu’il existe un lien de causalité direct ente l’exécution de l’acte attaqué et le risque de préjudice mis en avant."

Op Nofro hin, ob si dës Kéier nach eemol Recours wäerten aleeën, sot de Me. Prum: "Et hätt ee wuel keen anere Choix".

Wéi ass et da mam Contradictoire? 

De Philippe Wilmes huet der Ministesch eng Prise de position vu 60 Säiten eraginn. Als éischt lëscht hien eng Rei medezinesch Publikatiounen an Etuden op, an erkläert, wisou een IRM net ëmmer eendeiteg wier. Da probéiert hien op bal dräi Säiten der Expertin, déi vun der Santé genannt gouf, hir Kompetenz ze diskreditéieren.

"Au total, l’attitude du Pr Servien peut être caractérisée comme suit : si elle se revendique d’une base scientifiquement informée, l’application des connaissances y apparaît manifestement sélective et cliniquement non intégrative, faisant abstraction d’une symptomatologie pourtant reconnue comme centrale. Elle en devient, sur le plan expertal, hautement discutable, en raison d’une incohérence marquée entre les principes affichés et les conclusions retenues."

Och den drëtten neutralen Expert kënnt net ganz gutt ewech. Iwwer säin eegenen Expert schreift hien dann, deen hätt praktesch näischt zu allem gesot - wat fir den Dr. Wilmes net ze verstoe wier. An och hien hätt dozou bäigedroen, déi wichteg Elementer an den Dossieren ze verstoppen. Dat wäert da wuel e Virgeschmaach op d'Pressekonferenz de Mëtteg ginn. 

Eng Rëtsch Rapporte vun aneren Dokteren

Iwwerdeems huet hien och nach eng Rëtsch Rapporte vun aneren Dokteren eragereecht, ënner anerem dee vun der US-Ambassadrice hirem Mann, dem Dr. Steve O'Brien. Dee schreift a sengem Rapport net nëmmen, wéi gutt hie selwer ass, mee och wéi kompetent den Dr. Wilmes wier. Hien hätt déi 10 Dossieren och gesinn a géif op Grond vun den IRMen d'Kräizbänner als net gesond bezeechnen: "All 10 of the MRIs reviewed at my institution showed the ACL to be abnormal".

Weider heescht et dann, et géif een ee grave Feeler maachen, wann ee weider géint den Dr. Wilmes géif virgoen. 

"In my professional opinion, you will be making a grave mistake if you take further actions on this highly competent doctor. And the consequences to all involved may not end with this decision."  

Op der enger Säit seet den Dr. Wilmes, et kéint ee sech net op d'IRMe verloossen, bréngt awer gläichzäiteg een Dokter, deen him seng Vue vun den IRMe confirméiert. An da stellt sech natierlech och d'Fro, ob dann den Dr. Wilmes hei den Accord vun all Patient hat, fir den Dossier un iergendeen Dokter aus den USA weiderzeginn? Op Nofro hin huet de Me. Prum erkläert, datt d'IRMen anonymiséiert weidergi goufen. 

Wéi wäert et weidergoen am Dossier Wilmes? 

D'Justiz ass zënter Ufank vum Joer mat der Affär befaasst: de Collège médical hat am Ufank zwee Patientendossieren un d'Justiz iwwermëttelt, wouropshin de Parquet am Januar gemengt huet, e géif op Basis vun deene Fäll keng strofrechtlech Elementer erkennen, an et wier um Collège médical fir eng Enquête ze maachen. 

Mee elo kritt d'Justiz nei Informatiounen.

D'Gesondheetsministesch huet gesot, si hätt den Experterapport mat 10 Fäll un de Parquet geschéckt, an eisen Informatiounen no geet och den Experterapport vum Groupe HRS un d'Justiz. A well an deene Rapporte vun net justifiéierten Operatioune rieds geet, deels och vu Mutilatiounen, ass dovun auszegoen, datt de Parquet geschwënn eng Enquête opmécht, fir sech déi Informatioune méi genee unzekucken.

Instruktioun vum Collège médical

Wéi mir dat gemellt haten, huet de Collège médical den Dr. Wilmes gebieden, zu 27 Patientendossiere Stellung ze huelen. Dat leeft nach an an den nächste Woche wäert de Collège médical decidéieren, ob de Conseil de discipline mat der Affär saiséiert gëtt.

Eng Fro déi bleift, ass, ob de Collège médical weider enquêtéiert, wann och d’Justiz enquêtéiert. Heiansdo gëtt den disziplinaresche Volet op Äis geluecht an deene Fäll. Mee net onbedéngt.

Et kënnen och parallel Enquêtë ginn, well de Collège médical ënnersicht jo och aner Volete wéi d’Justiz. Wärend d’Justiz kuckt, ob et strofrechtlech Verstéiss goufen, ënnersicht de Collège medical och zum Beispill d'Verstéiss vum Dr. Wilmes géint d’Deontologie mat senger Mediecampagne. 

Documentaire iwwer d'Affär Wilmes? 

Wéi d'Tageblatt e Mëttwoch scho geschriwwen hat, war dem Dr. Wilmes seng Partnerin moies och an der Chamber. Si huet ënner anerem mat hirem Handy d'Journalisten op der Plaz gefilmt. Duerno huet si dann och d'Interviewe mat den Deputéiert gefilmt an d'Membere vum Collège médical.

Wéi d'Tageblatt geschriwwen huet, hätt si sech duerno bei e puer Journaliste virgestallt a gesot, si géif een Documentaire filmen. D'Produktiounsfirma (Deal SA.), déi vun hir an der Désirée Nosbusch gegrënnt gouf, huet eis op Nofro hi bis elo weder confirméiert nach dementéiert, datt esou ee Film an der Maach wier. Si selwer huet eis doropshi matgedeelt, datt si dozou kee Commentaire wéilt ofginn. 

D'Fro stellt sech natierlech, ob eng professionell Produktiounsfirma en Documentaire just mat engem Handy dréit. An der Chamber krute mir doropshi gesot, d’Partnerin vum Philippe Wilmes wier um Enn gebiede ginn, d’Chamber ze verloossen. Si hätt erkläert kritt, datt si hätt missten eng schrëftlech Ufro maachen, wa si hätt wëlle banne filmen. Si wier duerch en Iertum eragelooss ginn an d’Prozedure géifen do och elo nach eng Kéier verbessert ginn.

De Philippe Wilmes ass DP-Gemengeconseiller zu Leideleng, fréiere Vize-President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD a Grënner vun der Phial SA, déi hanner dem ëmstriddene Projet vun der FindelMedic (fréier FindelClinic) steet.

play_arrow Lauschteren