arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Deprez confirméiert: Suspendéierung no Expertis ëm 21 Méint verlängert

Affär Wilmes

|
reading time

1 min

Martine Deprez confirméiert: Suspendéierung no Expertis ëm 21 Méint verlängert

Déi provisoresch Suspendéierung vum Chirurg Philippe Wilmes gouf ëm 21 Méint verlängert. Dat confirméiert de Gesondheetsministère an engem Communiqué nodeems d‘Wort et als éischt gemellt hat.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D‘Ministerin Martine Deprez hätt d‘Verlängerung vun der Suspensioun decidéiert op Grond vun engem Rapport vun dräi franséischen Experten. An deem Rapport, géifen d‘Experte festhalen, datt an all den ënnersichte Fäll ouni gerechtfäerdegt Ursaach operéiert gouf.

De Ministère betount a sengem Schreiwes, datt déi provisoresch Suspensioun vum Philippe Wilmes, déi elo ëm 21 Méint verlängert gouf, nëmme fir seng Aktivitéiten am Beräich vun der orthopedescher Chirurgie gëllt. 

An den 10 Fäll kéint ee vu Verstümmelung schwätzen, esou Expertis

Am Rapport, deen dem Wort virläit, géifen d‘Experte festhalen, datt an allen 10 ënnersichte Fäll dat viischt Kräizband intakt gewiescht wier, an datt de Philippe Wilmes gesond Kräizbänner operéiert hätt. 

D‘Experte wieren der Meenung, datt een an allen 10 Fäll vu Verstümmelung kéint schwätzen. Weider schreift d‘Wort: An enger Stellungnam, déi den Affekot vum Philippe Wilmes, François Prum, agereecht huet, géif de Philippe Wilmes den Avis vun den Experte schaarf kritiséiert an als wëssenschaftlech net valabel gesinn.