Am Raum sti schwéier virsätzlech Kierperverletzung, Fälschung, Bedruch a Subventiounsbedruch. Den 21. an 22. Abrëll hat de Gesondheetsministère de Parquet iwwer Denonciatiounen informéiert wéinst eventuell onnéidegen Operatiounen - déi baséieren op zwou onofhängegen Dokteschexpertisen, esou heescht et am Schreiwes.
Verdacht op net gerechtfäerdegt Operatiounen
Dobäi geet et, wéi d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez dat scho matgedeelt hat, engersäits ëm déi rezent Expertise vum Ministère, bei där dräi onofhängeg Expert:inne gesot hunn, datt an 10 vun 10 Fäll onnéideg Agrëffer vum Dr. Wilmes u Kräizbänner virgeholl goufen. An datt déi Agrëffer zu enger medizinescher Mutilatioun gefouert hätten. Dës Expertis huet fir eng Verlängerung vun der Suspendéierung ëm 21 Méint vum Orthoped geféiert.
De Parquet präziséiert net ëm wéi eng zwee Dokumenter et konkret geet. 100,7-Informatiounen no, ass allerdéngs nierft der Expertise vum Ministère och d'Expertis vun den Hôpitaux Robert Schuman un de Parquet gaangen. Déi hat Enn Februar zur Opléisung vum Agrement tëschent dem Philippe Wilmes an den HRS geféiert.
Duerch d’Conclusiounen aus den zwee Dokumenter hätt de Parquet sech dofir entscheet eng Enquête préliminaire opzemaachen.
Dokter huet Stellung geholl
Eng Enquête préliminaire préift an enger éischter Phas ob et ee konkreten Ufanksverdacht fir eng Strofdot gëtt a kläert dann ob et zu enger richteger Enquête wäert kommen.
Iwwerdeems hätt de Parquet och eng schrëftlech Prise de position vum Dr. Wilmes selwer kritt. Déi géif am Kader vum Contradictoire gepréift ginn.
Fir d’Ermëttlunge weiderzeféieren hätt de Parquet weider bei ënnerschiddlechen Acteure méi Informatiounen ageholl, esou heescht et nach.
De Parquet erënnert un d’Presomption d’innocence.